Astrid Lindgren
Astrid Lindgren | |
---|---|
Gebuertsnumm | Astrid Anna Emilia Ericsson |
Gebuer | 14. November 1907 |
Gestuerwen |
28. Januar 2002 Stockholm |
Nationalitéit | Schweden |
Aktivitéit | Dréibuchauteur, Kannerbuchauteur, Romancier, Schrëftsteller |
Partei | SAP |
Member vun | Samfundet De Nio |
D'Astrid Lindgren, gebuer de 14. November 1907 op Näs bei Vimmerby als Astrid Anna Emilia Ericsson a gestuerwen den 28. Januar 2002 zu Stockholm, war eng schweedesch Schrëftstellerin.
Si zielt, mat enger Gesamtoplo vun iwwer 145 Millioune Bicher, zu deene bekanntste Kannerbuchauteure vun der Welt.[1] Eleng am däitschsproochege Raum goufe bis ewell eng 20 Milliounen Exemplaire verkaf. Zu hire bekanntste Personnagen zielen d'Pippi Laangstrëmp (schweedescht Original: Pippi Långstrump), de Michel aus Lönneberga (deen am Original Emil heescht), d'Ronja Räubertochter (Ronja Rövardotter; "Ronja Raiberduechter") de Kalle Blomquist (Mästerdetektiven Blomkvist), de Karlsson vum Daach (Karlsson på taket) an d'Kanner aus Bullerbü (schw.: Alle vi barn i Bullerbyn).
Nodeem si als Journalistin a Sekretärin geschafft hat, huet si 1933 hir éischt Erzielunge publizéiert. 1941 huet si déi éischt Geschichte vun der Pippi Långstrump erfonnt, wéi hiert Meedche krank am Bett louch. 1944 huet se d'Manuskript un e Verlag geschéckt, deen et awer net publizéiert hat. Dofir huet si awer bei deem Verlag, nom Gewënn an engem Schreifconcours, Britt-Mari erleichtert ihr Herz publizéiert. D'Pippi Langstrumpf koum dunn 1945 als éischt beim Rabén-Verlag eraus. Deen huet se dunn och als Lektorin engagéiert, wou se bis zu hirer Pensioun, 1970, geschafft huet. 1949 koum d'Pippi och fir d'éischt op Däitsch eraus.
Et gëtt eng 70 Verfilmunge vun hire Wierker.
D'Astrid Lindgren huet sech hiert Liewe laang fir Kannerrechter an Déiererechter agesat. Si war laang Member vun der Sozialdemokratescher Partei, huet awer an den 1970er Joren opgeruff, dës Partei, déi joerzéngtelaang un der Regierung war, fir eng Kéier net ze wielen, dat, nodeem se an engem oppene Bréif gefrot hat ob et normal wier, Steiere vun iwwer 100 % missen ze bezuelen, an de Finanzminister dorop negativ reagéiert hat.
Si krut eng sëllege Präisser. Bei hirer Begriefneszeremonie, bei där de Premierminister an d'Kinnekshaus present waren, waren Honnertdausende vu Leit op der Strooss. Hanner der Doudelued goung e Meedche mat engem wäisse Päerd.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Astrid Lindgren – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Websäit
- astrid-lindgren.de
- "In jeder Idylle lebt die Revolte – Zum Tode von Astrid Lindgren". Die Zeit, 6/2002.