Seattle
Seattle | |
---|---|
Land | Vereenegt Staate vun Amerika |
Bundesstaat | Washington |
Fläch | 369,243614 km² |
Awunner | 737.015 (1. Abrëll 2020) |
Héicht | 40 m |
Zäitzon |
UTC−8, Pazifik Standardzäit, UTC−7 |
Buergermeeschter | Greg Nickels (1. Januar 2002) |
Koordinaten | 47°33'N, 122°18'W |
Seattle ass eng Stad un der Küst vum US-amerikanesche Bundesstaat Washington. Si läit am Nordweste vum Land, 155 km südlech vun der kanadescher Grenz.
Mat enger Bevëlkerung vun iwwer 737.000 Awunner ass et dem Bundesstaat seng gréisst Stad a gläichzäiteg déi gréisste Stad am Nordweste vun den USA. D'Metropolregioun zielt ronn 4 Milliounen Awunner, wat se zur fofzéngtgréisster am Land mécht. Mat engem Bevëlkerungswuesstem vun 21,1% tëscht 2010 an 2020 ass et eng vun den US-amerikanesche Stied, déi am schnellste wuessen.
Seattle läit um Isthmus tëscht der Pazifik-Mieresbucht Puget Sound an dem Lake Washington. D'Stad ass e wichtegen Agankspunkt fir den Handel tëscht Ostasien an Nordamerika.
D'Géigent ëm Seattle war mindestens 4.000 Joer virum Ukomme vun den éischten europäesche Siidler vun amerikanesch Urawunner bewunnt. D'Stad gouf ëm 1850 gegrënnt a no engem lokalen Indianerchef benannt. Hautdesdaags huet Seattle grouss indianesch, skandinavesch-amerikanesch, asiatesch-amerikanesch an afroamerikanesch Communautéiten, an déi sechst-gréissten LGBT-Communautéit an den USA.
Déi éischt grouss Industrie vu Seattle war d'Holzexploitatioun. Duerno huet d'Stad sech am spéiden 19. Joerhonnert sech am Kontext vum Klondike-Goldrausch zu engem Handels- a Schëffbauzentrum entwéckelt, an zu engem Portal op Alaska. Nom Zweete Weltkrich ass de Wuesstem ënner anerem op déi lokal Entreprise Boeing zeréckzeféieren, dat Seattle als Zentrum fir de Fligerbau etabléiert huet. D'Géigend ëm Seattle huet sech vun den 1980er Joren un als Technologiezentrum entwéckelt, an deem sech Firme wéi Microsoft néiergelooss hunn. De Grënner vun där Entreprise, de Bill Gates, ass zu Seattle gebuer. Och den Internaethädel Amazon gouf zu Seattle gegrënnt. D'Well un neie Software-, Biotechnologie- an Internetentreprisen huet zu engem Wirtschaftsboom gefouert, deen d'Awunnerzuel tëscht 1990 an 2000 ëm bal 50.000 erhéicht huet.
D'Stad ass de Sëtz vun der University of Washington.
Wärend der Weltausstellung 1962 gouf den ikoneschen Tuerm mam Numm Space Needle gebaut, deen haut nach d'Skyline vun der Stad präägt.
Seattle huet och eng bedeitend Museksgeschicht. Tëscht 1918 an 1951 gouf et zwee Dosen Jazz-Clubs an der Jackson Street, déi déi fréi Carrièrë vu Kënschtler wéi dem Ray Charles, Quincy Jones an Ernestine Anderson gefërdert hunn. De Rockmuseker Jimi Hendrix ass zu Seattle gebuer an d'Rockgruppen Nirvana, Pearl Jam, Soundgarden, Heart, Alice in Chains a Foo Fighters goufen do gegrënnt. Zu Seattle ass och déi alternativ Rockbeweegung Grunge entstanen.
Biller vu Seattle
[änneren | Quelltext änneren]-
D'Zentralbibliothéik
-
E Stand um Fëschmaart "Pike Place Fish Market"
-
Loftvue op de Stadion
-
En Portal am chineeseschen Deel vun der Stad
-
De Musée fir Popkultur
-
Seattle um Waasser
-
De Musée fir Naturgeschicht a Kultur
-
Metro ("Link light rail")
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Seattle – Biller, Videoen oder Audiodateien |