Rue Beck
Lëtzeb. Numm | Beckstrooss |
---|---|
Ënnerhal vu(n) | Service Voirie vun der Stad Lëtzebuerg |
Situatioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Quartier(en) | Uewerstad |
Postcode | L-1222 |
Koordinaten | 49°36'42,44"N, 6°7'38,35"O |
Morphologie | |
Längt | 80 m |
Héicht i. M. | 303 m |
Geschicht | |
Genannt no | Jean de Beck |
D'Rue Beck ass eng Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Se verleeft a Süd-Nord vum Piquet bis an d'Groussgaass. Se läit tëscht der Aldringerstrooss am Westen an der Philippsgaass am Osten.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]An der spuenescher Zäit (1674) stoung an der haiteger Beckstrooss - tëscht der Groussgaass (deemools Arsenalstrooss), der Aldringerstrooss an dem Piquet - déi deemoleg Artilleriekasär. Dat Gebai ass 1869 an de Besëtz vun der Stad iwwergaangen an et waren eng Museksschoul, eng Händschefabrick an eng Handwierkerschoul dran.
D'Strooss gouf 1674 ugeluecht, zesumme mam Bau vun der Kasär. Se krut den Numm duerch eng Decisioun vum Stater Gemengerot vum 1. Juni 1854, déi de 16. Mee 1925 confirméiert gouf[1]. Den Odonym geet zeréck op de Baron Jean Beck, en Arméisoffizéier a Gouverneur vum Herzogtum Lëtzebuerg a vun der Grofschaft Chiny.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- D'Rue Beck an Ons Stad N° 3, 1980, S.26.
Commons: Rue Beck – Biller, Videoen oder Audiodateien |