Paul Willard Merrill
Paul Willard Merrill | |
---|---|
Gebuer |
15. August 1887 Minneapolis |
Gestuerwen |
19. Juli 1961 Los Angeles County |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
Stanford University, University of California |
Aktivitéit | Astronom |
Member vun | American Academy of Arts and Sciences, American Astronomical Society, National Academy of Sciences |
De Paul Willard Merrill, gebuer de 15. August 1887, a gestuerwen den 19. Juli 1961, war en US-amerikaneschen Astronom.
De Merrill krut säin Doktertitel op der University of California am Joer 1913. Déi gréisst Zäit vu sengem beruffleche Liewen huet hien um Mount Wilson-Observatoire verbruecht. 1952 goung hien an d'Pensioun.
Säi Spezialgebitt war d'Spektroskopie. Domat huet hie besonnesch laangperiodesch verännerlech Stären an den interstellare Medium ënnersicht. Kuerz virun Enn vu senger berufflecher Karriär ass et him gelongen, den Technetium am verännerleche Stär R Andromedae an anere roude Verännerlecher z'entdecken. Well Technetium keng stabil Isotopen huet, huet et an all Stär wou et fonnt gouf, eréischt kierzlech musse produzéiert gi sinn. Domat konnt hien de Beweis vum S-Prozess vun der Nukleosynthese untrieden.
Éierungen
[änneren | Quelltext änneren]Auszeechnungen
- Henry Draper Medal vun der National Academy of Sciences (1945)
- Bruce Medail vun der Astronomical Society of the Pacific (1946)
- Henry Norris Russell Lectureship vun der American Astronomical Society (1955)
No him benannt
- Merrill-Krater um Äerdmound