Norma (Stärebild)
Date vum Stärebild Norma | |
---|---|
Lëtzebuergeschen Numm | Wénkelmooss |
Laténgeschen Numm | Norma |
Laténgesche Geenitiv | Normae |
Laténgesch Ofkierzung | Nor |
Positioun | südlechen Himmel |
Rektaszensioun | 15 h 12 m bis 16 h 36 m |
Deklinatioun | −60° bis −42° |
Fläch | 165 Quadratgrad |
Siichtbar op de Breedegraden | 30° Nord bis 90° Süd |
Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
net ze gesinn |
Zuel vu Stäre mat Gréisst < 3m |
0 |
Hellste Stär, Gréisst |
γ2 Normae, 4,02m |
Meteorstréim | Gamma-Normiden |
Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) |
Scorpius Lupus Circinus Triangulum Australe Ara |
D'Wénkelmooss, laténgesch Norma ass e Stärebild um südleche Stärenhimmel.
Beschreiwung
[änneren | Quelltext änneren]D'Norma steet südlech vum Stärebild Scorpius. D'Stärebild Norma ass keen opfällegt Bild, kee vu senge Stären ass méi hell wéi déi 4. Gréissteklass.
Duerch d'Norma zitt d'Band vun der Mëllechstrooss, dofir fënnt ee vill niwweleg Objeten, wéi oppe Stärekéip, Kugelstärekéip an Niwwel.
A Richtung Norma, bal net ze gesinn duerch eis Mëllechstrooss, ass e Galaxiëkoup. Hie gëtt Norma-Galaxiëkoup (Abell 3627) genannt an ass eng riseg Usammlung vu Galaxien op enger Distanz vu ronn 200 Millioune Liichtjoer. An him läit den Zentrum vum sougenannte Groussen Attrakter, op deen "eise" Galaxiëkoup, de Virgo-Koup sech zoubeweegt.
D'Stärebild Norma läit sou wäit südlech, datt et net vun eis aus gesi ka ginn.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Stärebild gouf am Joer 1752 vum franséischen Astronom Nicolas-Louis de Lacaille ënner dem Numm „Norma et Regula“ agefouert. Et soll ee Wénkelmiesser an e Lineal duerstellen, déi vu Séifuerer fir d'Positiounsbestëmmung benotzt goufen.
Duerch d'offiziell Festleeë vun de Stärebildgrenzen duerch d'IAU am Joer 1930 goufe vill al Stärebiller auseneengerappt, dofir fënnt een z. B. am Stärebild Norma kee Stär mat der Bezeechnung α oder β. Dës Stäre stinn haut am Stärebild Scorpius an droen haut d'Bezeechnungen N an H Scorpii.
Himmelsobjeten
[änneren | Quelltext änneren]Stären
[änneren | Quelltext änneren]B | F | Nimm oder aner Bezeechnungen | Gréisst | Distanz a Lj |
Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|
γ2 | 4,01m | 128 | G8 III | ||
ε | 4,46m | 400 | B4 V | ||
ι | 4,63m | 140 | A7 IV | ||
η | 4,65m | 218 | G8 III | ||
δ | 4,73m | 124 | Am | ||
μ | 4,87 bis 4,98m | 4660 | O9 Iab | ||
κ | 4,95m | 438 | G4 III | ||
γ1 | 4,97m | 1437 | F9 Ia | ||
θ | 5,13m | 295 | B8 V | ||
HR 6083 | 5,32m | 458 | B9 V | ||
QU | 5,35m | 1195 | B1.5 Ia | ||
HR 5798 | 5,43m | 468 | A3 Vn | ||
39 | 6,03m | ||||
HR 6055 | 6,45m | 805 | M2 IV |
System | Gréissten | Ofstand |
---|---|---|
ε | 4,54 /6,68m | 22,8" |
ι | 5,6 /5,8 / 8,8m | 0,5 / 11" |
Den γ1 an den γ2 Normae gesi mat bloussem A gekuckt, aus wéi Duebelstären. Tatsächlech awer handelt et sech ëm Stären, déi net duerch d'Gravitatioun unenee gebonne sinn, mä nëmme vun der Äerd aus gesinn, an enger Richtung leien, Den γ2 liicht giel an ass een Ënnerris op enger Distanz vun 128 Liichtjoer, den γ1 ass e bloe Risestär op enger Distanz vu 1437 Liichtjoer.
Den ε Normae ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vu 400 Liichtjoer. Déi zwou, 4,54 a 6,68m hell Komponente leien op engem Ofstand vun 22,8 Bousekonnen auserneen. Dee liichtschwaache Stär huet e Begleeder, deem säin Ofstand sou kleng ass, datt hien nëmme mat Spektroskopie nogewise ka ginn. Den ι Normae ass 140 Liichtjoer vun eis ewech an ass en enken Duebelstär, deem seng Komponente sech an 26,9 Joer ëmkreesen.
Verännerlech Stären
[änneren | Quelltext änneren]Objet | Gréisst | Period | Typ |
---|---|---|---|
μ | 4,87 bis 4,98m | Alpha-Cygni-Typ | |
R | 6,5 bis 13,9m | 507,5 Deeg | Mira-Typ |
S | 6,12 bis 6,77m | 9,754 Deeg | Cepheid |
T | 242,6 Deeg | Mira-Typ |
Den μ Normae liicht extreem blo an ass en Iwwerris op enger Distanz vu 4660 Liichtjoer vun eis ewech. Seng Hellegkeet variéiert tëscht 4,87 a 4,98m. Et handelt sech ëm ee verännerleche Stär vum Typ Alpha Cygni.
Den R an T Normae si verännerlech Stäre vum Typ Mira, deem seng Hellegkeet sech iwwer e laangen Zäitraum staark wiesselt.
Den S Normae ass ee pulsatiounsverännerleche Stär vum Typ Cepheiden. Hie läit am Oppene Stärekoup NGC 6087.
NGC-Objeten
[änneren | Quelltext änneren]NGC | divers | Gréisst | Typ | Numm |
---|---|---|---|---|
5925 | 8,4m | Oppene Stärekoup | ||
5946 | 9,6m | Kugelstärekoup | ||
5999 | 9,0m | Oppene Stärekoup | ||
6031 | 8,8m | Oppene Stärekoup | ||
6067 | 5,6m | Oppene Stärekoup | ||
6087 | 5,4m | Oppene Stärekoup | ||
6134 | 7,2m | Oppene Stärekoup | ||
6152 | 8,1m | Oppene Stärekoup | ||
6164 | 7,3m | Niwwel |
Den NGC 6067 ass een Oppene Stärekoup op enger Distanz vu 6000 Lichtjoer. Hien huet ongeféier 100 Stäre mat der 10. Gréissteklass.
3500 Liichtjoer vun eis ewech läit deen hellste Stärekoup am Norma, et ass den NGC 6087. Hien huet ongeféier 40 Stäre mat de Gréissteklasse vu 7. bis 11.
D'Galaxië vum Norma-Galaxiëkoup si wéinst hirer Distanz vun 200 Millioune Liichtjoer kaum mat engem klengen Teleskop ze gesinn.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Norma – Biller, Videoen oder Audiodateien |