Madrid Deep Space Communications Complex
De Madrid Deep Space Communications Complex (MDSCC) steet an engem Dall an enger Héicht vu ronn 800 Meter iwwer dem Mieresspigel an de Gemenge Robledo de Chavela a Fresnedillas de la Oliva ronn 50 Kilometer westlech vu Madrid a Spuenien. Den MDSCC ass eng Radioteleskop-Anlag vum Deep Space Network (DSN) fir d'Iwwerwaachung vu Raumsonden. De Komplex gouf 1961 vum Instituto Nacional de Técnica Aeroespacial (INTA) an Zesummenaarbecht mat der NASA opgeriicht.
Den MDSCC Komplex huet am Ganze sechs Parabolantenne mat follgenden Ofmiessungen (a Meter): eng 70 (DSS-63), dräi mat 34 (DSS-65, DSS-54, DSS-55), eng 26 (DSS-66) an déi eelst Antenn DSS-61, déi 1961 opgeriicht gouf an 1964 beim Mariner-Programm vun der NASA gedéngt hat.[1]
DSS-63
[änneren | Quelltext änneren]D'Antenn DSS-63 gouf de 14. Mee 1974 vum spuenesche Kinnek Juan Carlos a Betrib geholl[2] an hat en Duerchmiesser vu 64 Meter. 1989 gouf se fir de Rendez-vous vun der Raumsond Voyager 2 mat dem Planéit Neptun op 70 Meter vergréissert. Si ka mat enger Sendeleeschtung vu bis zu 400 kW am S- an X-Band senden an am L, S, X a K-Band empfänken. D'DSS-63 weit 8000 Tonnen, wouvun d'Antenn, déi eng Fläch vu 4180 m² huet, 3500 Tonne weit.
DSS-65
[änneren | Quelltext änneren]D'Antenn DSS-65 gouf 1987 gebaut an huet en Duerchmiesser vu 34 Meter. Si ka mat enger Sendeleeschtung vun 20 kW am S- an X-Band senden. D'DSS-65 weit 400 Tonnen, woubäi d'Antenn 350 Tonne weit.
DSS-54
[änneren | Quelltext änneren]D'Antenn DSS-55 gouf 1997 opgeriicht an huet en Duerchmiesser vu 34 Meter. Si ka mat enger Sendeleeschtung vun 20 kW am X-Band senden an op de Bänner S, X a K empfänken. Se weit 348 Tonnen. DSS-54 gouf als Typ: Beam Waveguide (BWG), (Signaliwwerdroung mat Liichtwelleleeder) ausgefouert.
DSS-55
[änneren | Quelltext änneren]D'Antenn DSS-55 Typ: Beam Waveguide (BWG) gouf 2003 a Betrib geholl an huet en Duerchmiesser vu 34 Meter. Si ka mat enger Sendeleeschtung vun 20 kW am X-Band senden an op de Bänner S, X a K empfänken. Se weit 348 Tonnen a ass fir eng Wandlaascht vun 160 km/h berechent. D'Konstruktioun vun der DSS-55 erméiglecht sécher Moosswäerterfassung bis Wandvitessë vu 64 km/h.
Missionen
[änneren | Quelltext änneren]- Lunar Orbiter
- Apollo 11
- Viking
- Spirit
- Venus Express
- Cassini-Huygens
- Voyager 1
- Voyager 2
- Pioneer 10
- Mars Reconnaissance Orbiter
Frequenzberäicher
[änneren | Quelltext änneren]Band | Déngscht | Frequenzberäich | |
---|---|---|---|
Downlink | Uplink | ||
L | 1,53–2,7 GHz | ||
S | 2,7–3,5 GHz | ||
C | 3,4–4,2 GHz | 5,925–6,425 GHz | |
X | Militär Komsats. | 7,25–7,75 GHz | 7,9–8,4 GHz |
Fuerschungsfunk1 | 8,4–8,5 GHz | 7,145–7,235 GHz | |
Ku (Europa) | FSS | 10,7–11,7 GHz | 12,75–13,25 GHz, 13,75–14,5 GHz |
BSS | 11,7–12,5 GHz | 17,3–18,1 GHz | |
SMS | 12,5–12,75 GHz | 12,75–13,25 GHz, 13,75–14,5 GHz | |
Ku (Amerika) | FSS | 11,7–12,2 GHz | 14–14,5 GHz |
BSS | 12,2–12,7 GHz | 17,3–17,8 GHz | |
Ka | 17,7–21,2 GHz | 27,5–31 GHz | |
Anmerkungen | 1 Fuerschungssatellitten, Raumsonden |
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Madrid Deep Space Communication Complex – Biller, Videoen oder Audiodateien |