Léon Steffen
Léon Steffen | |
---|---|
Gebuertsnumm | Leo Steffen |
Gebuer |
11. Oktober 1868 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
23. Mee 1920 Paräis |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler, Zeechner |
De Leo ("Léon") Steffen, gebuer den 11. Oktober 1868 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 23. Mee 1920 zu Paräis, war e lëtzebuergesche Moler an Zeechner.[1]
De Léon Steffen war de Jong vum Nicolas Steffen, Chef de dépot bei der Eisebunn, an der Madeleine Hermann.[2] Hien huet op der École nationale supérieure des beaux-arts zu Paräis studéiert[3][4] an huet dono Frankräich gelieft. Hien huet d'Etiennette Favot bestuet.
De Steffen huet 1894 mat zwee Uelegbiller (Christ en croix a Georges de Franchard) um éischte Salon vum Cercle Artistique de Luxembourg deelgeholl.[5] De Rezensor Moes schrouf iwwer d'Bild vun der Kräizegung: "ein wüstes Bild; Frauen In gesegneten Umständen sollen sich hüten, dasselbe anzuschauen!"[6] Zwee Joer méi spéit huet de Steffen um Salon de la Société des Amis des Arts de Seine et Oise zu Versailles eng Uelegmolerei an eng Fiederzeechnung ausgestallt.[7]
De Steffen ass am Alter vun 52 Joer gestuerwen,[8] hie gouf um Cimetière parisien de Bagneux begruewen.
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]-
Une vue de Luxembourg (Méchelskierch a Stierchen)
-
Une vue de Luxembourg
-
La forêt de Fontainebleau
-
Chemin forestier
-
Paris, le long de la Seine
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ "Léon Steffen", Lëtzebuerger Konschtlexikon, MNAHA.
- ↑ Gebuertsschäin Lëtzebuerg 1868, 330; "Etat-civil de Luxembourg", L'Union, 7. November 1868.
- ↑ "Les Beaux-Arts à l’exposition du travail", L'Indépendance luxembourgeoise, 28. August 1894.
- ↑ Lambert Herr (2001) Signatures, portraits et auto-portraits : artistes plasticiens au Luxembourg. Lëtzebuerg: Éditions Saint-Paul. ISBN 2-87963-382-6. S. 320.
- ↑ Jos Welter, red. (1993) Rétrospective : Cent ans d'art luxembourgeois 1893-1993. Lëtzebuerg: Cercle Artistique de Luxembourg / Crauthem: Lux-Print. ISBN 2-919970-24-0.
- ↑ J.N. Moes, "Von der Austellung zu Luxemburg", Obermosel-Zeitung, 21. August 1894.
- ↑ "Luxembourg", L'Indépendance luxembourgeoise, 19. September 1896.
- ↑ Archives de Paris: Actes d'état civil: 13e arrondissement, Zertifikat 2034 (23. Mee 1920) a 15e arrondissement, Zertifikat 567 (11. Juni 1920).