Isabelle Adjani
Isabelle Adjani | |
---|---|
Gebuertsnumm | Isabelle Yasmine Adjani |
Gebuer |
27. Juni 1955 17. Arrondissement |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | Cours Florent |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Sänger, Schauspiller, Televisiounsschauspiller, Delegéierte Produzent |
Famill | |
Liewenspartner(in) | Bruno Nuytten, Daniel Day-Lewis, Warren Beatty, Stéphane Delajoux |
Papp | Mohammed Chérif Adjani |
Mamm | Emma Augusta Adjani |
D'Isabelle Yasmine Adjani, gebuer de 27. Juni 1955 zu Paräis, ass eng franséisch Schauspillerin.
Obwouel d'Isabelle Adjani hir éischt Experienzen als Schauspillerin a Kinofilmer gemaach huet, gouf si fir am Ufank als Theaterschauspillerin bekannt. 1972 hat si an der Comédie-Française mat hiren Interpretatioune vun der Ondine am Jean Giraudoux sengem Stéck mam selwechten Numm, an der Agnès am Molière senger Ecole des femmes grousse Succès. Béid Stécker goufen duerno mat hir fir d'Televisioun adaptéiert.[1],[2]
Hir Filmcarrière huet 1970 mam Kannerfilm Le petit Bougnat vum Bernard Toublanc-Michel ugefaangen. Hiren Duerchbroch hat se am François Truffaut sengem L'histoire d'Adèle H. an der Roll vum Victor Hugo senger Duechter, wat hir eng Oscar-Nominéierung abruecht huet. Duerno koume Rollen ë. a. am Roman Polanski sengem Le locataire (1976), dem André Téchiné sengem Politthriller Barocco an am Werner Herzog senger Dracula-Verfilmung Nosferatu: Phantom der Nacht. An den 1980er Joren hat si virun allem Succès mat hiren Interpretatiounen am Claude Miller sengem Mortelle randonnée, dem Jean Becker sengem L'été meurtrier (César als bescht Haaptroll), an dann nees am Luc Besson sengem Subway (1985) an an der Roll vun der Camille Claudel am Film mam selwechten Titel, woufir s'en César an e Sëlwere Bier zu Berlin krut. Den Hollywood-Film Ishtar war dogéint e Flop, trotz sëllegen anere Staren.
An den 1990er Joren huet si a Filmer wéi Toxic Affair (1993), La reine Margot vum Patrice Chéreau (1994) an Diabolique (1996) vum Jeremiah S. Chechik (mat der Sharon Stone), der Neiverfilmung vum Henri-Georges Clouzot sengem Klassiker Les diaboliques matgespillt, huet sech an de Joren duerno dann awer méi ëm hir Famill gekëmmert.
2002 war si nees an der Laetitia Masson hirem La repentie (2002) ze gesinn, an duerno a méi klenge Rolle wéi am Monsieur Ibrahim et les fleurs du Coran (2003). E puer Tëleessfilmer koumen no, a vun 2008 un och nees Kinosfilmer, wéi dem Jacques Weber säi Figaro an dem Jean-Paul Lilienfeld säi La journée de la jupe, woufir se hire fënnefte César als bescht Schauspillerin krut, eppes, wat bis ewell soss nach kee fäerdegbruecht huet.
D'Isabelle Adjani huet och a puer Lidder opgeholl, dat bekanntst ass Pull Marine, geschriwwe vum Serge Gainsbourg, dat 1983 en Nummer-Eent-Hit a Frankräich war.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]Kino
[änneren | Quelltext änneren]- 1970: Le petit bougnat - Regie: Bernard Toublanc-Michel - Haaptacteuren: Claude Amazan, Vincenzo Sartini
- 1972: Faustine et le bel été - Regie: Nina Companéez - Haaptacteuren: Muriel Catalá, Georges Marchal
- 1974: La gifle - Regie: Claude Pinoteau - Haaptacteuren: Lino Ventura, Annie Girardot
- 1975: Ariane - Regie: Pierre-Jean de San Bartolomé - Haaptacteuren: Eugène Ionesco, Emmanuelle Riva
- 1975: L'histoire d'Adèle H. - Regie: François Truffaut - Haaptacteuren: Bruce Robinson, Sylvia Marriott
- 1975: Barocco - Regie: André Téchiné - Haaptacteuren: Gérard Depardieu, Marie-France Pisier
- 1976: Le locataire - Regie: Roman Polanski - Haaptacteuren: Roman Polanski, Melvyn Douglas
- 1976: Violette & François - Regie: Jacques Rouffio - Haaptacteuren: Jacques Dutronc, Serge Reggiani
- 1978: The Driver - Regie: Walter Hill - Haaptacteuren: Ryan O'Neal, Bruce Dern
- 1979: Nosferatu - Phantom der Nacht - Regie: Werner Herzog - Haaptacteuren: Klaus Kinski, Bruno Ganz
- 1979: Les soeurs Brontë - Regie: André Téchiné - Haaptacteuren: Marie-France Pisier, Isabelle Huppert
- 1981: Clara et les chics types - Regie: Jacques Monnet - Haaptacteuren: Daniel Auteuil, Josiane Balasko
- 1981: Quartet - Regie: James Ivory - Haaptacteuren: Alan Bates, Maggie Smith
- 1981: Possession - Regie: Andrzej Żuławski - Haaptacteuren: Sam Neill, Margit Carstensen
- 1981: L'année prochaine... si tout va bien - Regie: Jean-Loup Hubert - Haaptacteuren: Thierry Lhermitte, Fred Personne
- 1982: Tout feu, tout flamme - Regie: Jean-Paul Rappeneau - Haaptacteuren: Yves Montand, Lauren Hutton
- 1982: The Last Horror Film - Regie: David Winters - Haaptacteuren: J'Len Winters, Joe Spinell
- 1982: Antonieta - Regie: Carlos Saura - Haaptacteuren: Hanna Schygulla, Ignacio López Tarso
- 1982: Mortelle randonnée - Regie: Claude Miller - Haaptacteuren: Michel Serrault, Guy Marchand
- 1983: L'été meurtrier - Regie: Jean Becker - Haaptacteuren: Alain Souchon, Suzanne Flon
- 1985: Subway - Regie: Luc Besson - Haaptacteuren: Christophe Lambert, Richard Bohringer
- 1986: T'as de beaux escaliers tu sais - Regie: Agnès Varda - (Kuerzfilm)
- 1987: Ishtar - Regie: Elaine May - Haaptacteuren: Warren Beatty, Dustin Hoffman
- 1988: Camille Claudel - Regie: Bruno Nuytten - Haaptacteuren: Gérard Depardieu, Madeleine Robinson
- 1993: Toxic Affair - Regie: Philomène Esposito - Haaptacteuren: Hippolyte Girardot, Fabrice Luchini
- 1994: La reine Margot - Regie: Patrice Chéreau - Haaptacteuren: Daniel Auteuil, Jean-Hugues Anglade, Virna Lisi
- 1996: Diabolique - Regie: Jeremiah S. Chechik - Haaptacteuren: Sharon Stone, Kathy Bates
- 1998: Paparazzi - Regie: Alain Berbérian - Haaptacteuren: Patrick Timsit, Vincent Lindon
- 2002: La repentie - Regie: Laetitia Masson - Haaptacteuren: Sami Frey, Aurore Clément
- 2003: Adolphe - Regie: Benoît Jacquot - Haaptacteuren: Stanislas Merhar, Jean Yanne
- 2003: Bon voyage - Regie: Jean-Paul Rappeneau - Haaptacteuren: Gérard Depardieu, Virginie Ledoyen
- 2003: Monsieur Ibrahim et les fleurs du Coran - Regie: François Dupeyron - Haaptacteuren: Omar Sharif, Pierre Boulanger
- 2008: La journée de la jupe - Regie: Jean-Paul Lilienfeld - Haaptacteuren: Denis Podalydès, Yann Collette
- 2010: Mammuth - Regie: Benoit Delépine, Gustave de Kervern - Haaptacteuren: Gérard Depardieu, Yolande Moreau
- 2011: De force - Regie: Frank Henry - Haaptacteuren: Eric Cantona, Simon Abkarian
- 2012: David et Madame Hansen - Regie: Alexandre Astier - Haaptacteuren: Alexandre Astier, Julie-Anne Roth
- 2013: Ishkq in Paris - Regie: Prem Raj - Haaptacteuren: Preity Zinta, Shekhar Kapur
- 2014: Sous les jupes des filles - Regie: Audrey Dana - Haaptacteuren: Laetitia Casta, Vanessa Paradis
- 2016: Carole Matthieu - Regie: Louis-Julien Petit - Haaptacteuren: Corinne Masiero, Ola Rapace
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Isabelle Adjani – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Kurzbiographie Adjanis am BiFi
- ↑ Adjani, Isabelle (1980): „Isabelle Adjani“ in: Jean-Luc Douin (Hrsg.): Comédiennes aujourd'hui: au micro et sous le regard, Paris: Lherminier.
- Franséisch Filmschauspillerinnen
- Franséisch Theaterschauspillerinnen
- Franséisch Televisiounsschauspillerinnen
- Gebuer 1955
- César fir déi bescht Schauspillerin
- Franséisch Sänger
- Bescht Schauspillerin beim Festival vu Cannes
- Lumières-Präis fir déi bescht Schauspillerin
- Sëlwere Bier fir déi bescht Schauspillerin
- Suzanne-Bianchetti Präis