Ilhas Desertas
Ilhas Desertas | |
---|---|
Geographie | |
Land | Portugal |
Läit an/am | Atlanteschen Ozean |
Koordinaten | 32°32'46"N, 16°31'31"W |
Fläch | 14,21 km² |
Verwaltung | |
Verwaltungseenheet | Madeira |
Demographie | |
Aner Informatiounen | |
Zäitzon | UTC±0 |
D'Ilhas Desertas (Portugisesch fir verloossen Inselen) bilden en Archipel vun e puer klengen Inselen, südëstlech vu Madeira, déi, wéi och Madeira, (geopolitesch) zu Portugal gehéieren.
Beschreiwung
[änneren | Quelltext änneren]D'Ilhas Desertas gehéieren zu der Gemeng Santa Cruz am Landkrees ma selwechten Numm.
Am ganzen hunn d'Inselen eng Fläch vu 14,21 km² an eng maximal Héicht vu 442 m.
Ausser enger biologescher Fuerschungsstatioun sinn d'Inselen onbewunnt. Si stinn zanter 1990 ënner Naturschutz, a sinn zanter 1995 en Naturreservat. Et däerf een dann och nëmme mat enger Autorisatioun fir Fuerschungen op d'Inselen, dat, fir déi zwou Dose Robbe vun der Aart Monachus monachus ze schützen, déi do liewen, a vun deenen et op der Welt nach just ronn 350 Exemplare gëtt. Och aner rar Déieren- a Planzenaarte kommen op den Insele vir, wourënner d'Blumm Sinapidendron sempervivifolium déi do endeemesch ass.
Lëscht vun en Inselen
[änneren | Quelltext änneren]Insel vun Norden no Süden |
Fläch [km²] |
Héicht [m] | |
Prego do mar (Ship Rock) |
0,0003 | 49 | |
Ilhéu Chão | 1 | 98 | |
Deserta Grande | 10 | 442 | |
Bugio | 3 | 348 | |
Desertas | 14,21 | 442 |
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Secretaria Regional do Ambiente e dos Recursos Naturais (Ed.): As Ilhas Desertas/The Desert Islands, 2. Oplo 2007, ISBN 972-98431-6-3.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Ilhas Desertas – Biller, Videoen oder Audiodateien |