Guillaume Ernser
Guillaume Ernser | |
---|---|
Gebuer | 21. Juli 1773 |
Gestuerwen | 20. September 1820 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
De Guillaume Ernser, alias Ernzer[1], gebuer den 21. Juli 1773 zu Wolsfeld, gestuerwen den 20. September 1820 am Alter vu 47 Joer, war e lëtzebuergeschen Händler a Gemengepolitiker.[2]
Hie war de Fils vum Mathias Ernser an der Elisabeth Meyres (Mayers). Hie war mat der Madeleine Leonardy (Leonardi) bestuet[3] an huet an der "rue de Trèves" (d. h. "Hovelek"), Nr. 239, gewunnt.[2]
De G. Ernser war Buergermeeschter vun Iechternach vum 1. Mee 1798[4] bis den 29. Abrëll 1799 a vum 21. Januar 1818[4] bis den 9. Mäerz 1819.[2]
De 26. Oktober 1829 hunn d'Veuve Ernser, Proprietär zu Iechternach, an hir groussjäreg Kanner een Deel vun hirem Besëtz ëffentlech versteeë gelooss, an zwar: 1. eng Mielmillen, 2. eng Uelegmillen an eng Seeërei mat engem Wunnhaus an engem Stall, 3. eng Follmille mat engem Wunnhaus, enger Scheier an engem Stall, 4. Gäert, Stécker a Wisen, déi un dës Millen, déi allen dräi no beieneen un der Lauterburer Baach louchen, gestouss hunn, an dann nach e Bësch, deen no dobäi louch, a weider Stécker a Wisen, déi um Gebitt vun der Stad Iechternach situéiert waren. D'Stee war an der Uelegmillen, den Nottär Michel Witry huet sech ëm dat Ganzt gekëmmert.[5]
Referenzen an Notten
[änneren | Quelltext änneren]- ↑ Dieschbourg, C., 2007. Die Mühlen des Müllerthals im Großherzogtum Luxemburg. Luxembourg, Éditions Binsfeld, S. 151.
- ↑ 2,0 2,1 2,2 Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.
- ↑ D'Bestietnes war den 13. Thermidor An V (31. Juli 1797) zu Iechternach; d'Madeleine Leonardy ass de 4. August 1768 op d'Welt komm (cf. Deltgen genealogy [1])
- ↑ 4,0 4,1 Datum vun der Nominatioun laut der Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.
- ↑ Journal de la ville et du grand-duché de Luxembourg 1829, No. 83 (17. Octobre), S. 4. [2] Kuckt och: Dieschbourg 2007, S. 147 (Uelegsmillen, Reiteschmillen) a S. 151 (Follmillen).