Georg Elser
Ausgesinn
Georg Elser | |
---|---|
Gebuertsnumm | Johann Georg Elser |
Gebuer |
4. Januar 1903 Hermaringen |
Gestuerwen |
9. Abrëll 1945 KZ Dachau |
Doudesursaach | Schosswonn |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Zammermann, Schräiner, Resistenzler |
De Johann Georg Elser, gebuer de 4. Januar 1903 zu Hermaringen, Württemberg, a gestuerwen den 9. Abrëll 1945 am KZ Dachau, war en däitsche Resistenzler géint den Nationalsozialismus.
Hien hat den 8. November 1939 am Münchener Bürgerbräukeller e Bommenattentat op den Hitler an aner Membere vun der NS-Féierung gemaach. Den Elsner gouf nach den nämmlechten Owend op der däitsch-schwäizerescher Grenz verhaft. Ouni Prozess gouf hien an d'KZ Sachsenhausen agespaart, duerno op Dachau verluecht, wou hie kuerz viru Krichsenn op Uerder vum Hitler duerch Genéckschoss vun der SS ermuert gouf.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Haasis, Hellmut G.: Den Hitler jag ich in die Luft. Der Attentäter Georg Elser; Verlag Lutz Schulenburg, Hamburg, 2009, 383 S. ISBN 978-3894016067
Audio
[änneren | Quelltext änneren]- Den Hitler jag ich in die Luft Rezensioun vum Haasis sengem Buch op Radio Z, Nürnberg
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Georg Elser – Biller, Videoen oder Audiodateien |