Gemeng Dikrech
Gemeng Dikrech | |
---|---|
Aussprooch |
|
An anere Sproochen |
fr: Diekirch de: Diekirch |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Dikrech |
Chef-lieu | Dikrech |
Buergermeeschter | Charel Weiler (CSV) |
Awunner | 7.244 |
1. Januar 2024 | |
Fläch | 12,42 km² |
Héicht | 396 m |
Koordinaten |
49° 52’ 05’’ N 06° 09’ 24’’ O |
LAU-Code | LU0603 |
Websäit | https://diekirch.lu |
D'Gemeng Dikrech ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Dikrech. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Dikrech vun där se och hiren Numm huet.
Uertschaften an der Gemeng
[änneren | Quelltext änneren]Déi eenzeg Uertschaft vun der Gemeng Dikrech ass d'Stad Dikrech.
Zur Gemeng gehéieren awer nach follgend Häff a Lieu-diten:
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Stad ass d'Haaptuertschaft vum Kanton Dikrech a war dat och - vun 1843 bis 2015 - vu sengem Distrikt. Ausserdeem bilt Dikrech, zesumme mat de Gemenge Bettenduerf, Ettelbréck, Ierpeldeng op der Sauer, Schieren a Colmer-Bierg den Zentrum vun der Nordstad. Déi Regioun gëllt, nom IVL, nieft der Stad an Esch-Uelzecht, als drëtten Entwécklungspol vum Grand-Duché.
Flëss a Baachen an der Gemeng
[änneren | Quelltext änneren]Dikrech läit un der Sauer a bilt d'Grenz zum Éislek. Um Territoire vun Dikrech hunn e puer kleng Baachen hir Quell. Am Norde sinn dat d'Laangmuer, Méchelbaach, eng Baach déi vum Fridhaff duerch de Bamerdall leeft an zu Dikrech an d'Sauer fléisst. Op der Grenz mat der Gemeng Tandel huet d'Suessebaach eng vun hire Quellen an der Gemeng Dikrech. Am Süde sinn et d'Saasselbaach an d'Kiselbaach déi eng vun hire Quellen op Dikrecher Terrain hunn.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Den Numm Dikrech Diecirke gouf fir d'éischt am Joer 1182 an engem Dokument ernimmt.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Dikrech.
Wopen
[änneren | Quelltext änneren]Beschreiwung am Originaltext: Burelé d'or et d'azur au lion couronné d'argent soutenu d'une tour de gueules maçonnée de sable mouvant de la pointe. |
Entwécklung vun der Awunnerzuel
[änneren | Quelltext änneren]Source: STATEC
Politik
[änneren | Quelltext änneren]De Gemengerot vun Dikrech gëtt nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech zanter 2005 aus 13 Conseilleren zesummen (1999: 11).
D'Gemengerotswale vum 11. Juni 2023 hunn zu enger Koalitioun aus CSV an DP gefouert, déi de Schäfferot dréit.[1] Bei de Gemengerotswalen 2011 an 2017 hat d'LSAP eng absolutter Majoritéit am Gemengerot.[2]
Zesummesetzung
[änneren | Quelltext änneren]D'Majoritéitskoalitioun am Gemengerot ass fett geschriwwen
Joer | CSV | DP | gréng | LSAP |
---|---|---|---|---|
1999 | 4 | 2 | 1 | 4 |
2005 | 5 | 1 | 2 | 5 |
2011 | 3 | 2 | 1 | 7 |
2017 | 4 | 1 | 1 | 7 |
2023 | 5 | 2 | 1 | 5 |
Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu
Buergermeeschteren[3],[4]
[änneren | Quelltext änneren]...
- 1728 Nicolas Wagener[5]
...
- 1795: Bern. Bastendorff
- 1796: Michel Schrantz
- 1797 - 1798: Pierre Leyder
- 1798 - 1799: Nicolas Goebel
- 1800: Dominik Constantin München
- 1801 - 1802: Georges Didier
- 1802 - 1810: J. B. Laur. Forron
- 1810 - 1811: Emmanuel François
- 1811 - 1817: François-Julien Vannerus
- 1817 - 1819: Pierre Thom. Seyler
- 1819 - 1821: Jean Nic. Marchand
- 1821: Jean Mathieu Laeis
- 1822: Nicolas Jüttel
- 1823: Jean Mathieu Laeis[6]
- 1824 - 1830: François-Julien Vannerus
- 1830 - 1835: Pierre Thom. Seyler
- 1835 - 1843: Vendelin Jurion
- 1844 - 1848: Joseph Tschiderer[7]
- 1849 - 1860: Jean Baptiste Didier
- 1861 - 1872: Henri Ernest François
- 1873 - 1884: Jean Jüttel
- 1885 - 1902: Jean-Pierre Scholtes
- 1902 - 1909: Frédéric François
- 1909 - 1922: Pierre Pemmers[8]
- 1922 - 1926: André Gruber
- 1926 - 1941: Joseph Theis
- 1941 - 1944: Wilhelm Jost (Amtsbürgermeister)
- 1944 - 1945: Joseph Theis
- 1946 - 1951: Alphonse Greisch[9]
- 1952 - 1957: Henry Cravatte
- 1957 - 1963: Joseph Herr
- 1963 - 1964: Henry Cravatte
- 1964 - 1969: Marcel Krier
- 1969: Michel Ewen
- 1969 - 1974: Victor Poos
- 1974 - 1984: René Steichen
- 1984 - 1994: Marie-Thérèse Boever
- 1994 - 2001: Danièle Wagner
- 2001 - 2005: Claude Haagen
- 2005 - 2008: Nico Michels
- 2008 - 2011: Jacques Dahm
- 2011 - 2021: Claude Haagen (LSAP)
- 2022 - 2023: Claude Thill (LSAP)
- zanter 2023: Charles Weiler (CSV)[1]
Jumelagen
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Dikrech ass jumeléiert mat:
- Monthey an der Schwäiz
- Arel an der Belsch
- Bitburg an Däitschland
- Hayange a Frankräich
- Liberty am Ohio an den USA
Bekannt Dikrecher
[änneren | Quelltext änneren]- Marc Angel (*1960), Graphiker, Moler an Illustrator
- Guillaume-Mathias Augustin (1815-1880), Jurist a Politiker
- Joseph Bech (1887-1975), Politiker
- Albert Borschette (1920-1976), Politiker, Diplomat a Schrëftsteller
- Nicolas-Remi Brück (1818-1870), Zaldot a Mathematiker
- Henry Cravatte (1911-1990), Politiker an Affekot
- Paul Eyschen (1841-1915), Politiker, Diplomat an Affekot
- Paul Flesch (1870-1955), Politiker an Architekt
- Gaston Reinig (*1956), Offizéier a Chef vum État-major
- Paul de Gerlache (1838-1891), belsche Medienentreprener a Gouverneur vun der Provënz Lëtzebuerg
- Claude Haagen (1962), Handballspiller a Politiker
- Marie Haps (1879-1939), belsch-lëtzebuergesch Philanthropin
- Ali Kaes (*1955), Gewerkschaftler a Politiker
- Antoine Lefort (1879-1928), Politiker, Ingenieur an Diplomat
- Henri Losch (1931-2021), Schoulmeeschter, Auteur a Schauspiller
- Mathias Mongenast (1843-1926), Politiker an Affekot
- Alphonse Munchen (1850-1917), Ingenieur a Politiker
- Charles Rischard (1841-1914), Jurist a Politiker
- Marc Schaefer (*1961), Politiker
- Ernest Simons (1835-1873), Jurist a Politiker
- René Steichen (*1942), Politiker, Entreprener an Affekot
- Claude Turmes (*1960), Politiker
- François-Ernest Vannérus (1830-1908), Politiker, Industriellen an Affekot
- Henri Vannérus (1833-1921), Jurist a Politiker
- Jules Vannérus (1874-1970), Archivist an Historiker
- Mathias Wolff (1779-1857), kathoulesche Priister a Jesuittepater
Interkommunal Syndikater
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Dikrech ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Dikrech
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Dikrech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 "Charel Weiler wird Bürgermeister von Diekirch." wort.llu [w+], 14.06.2023.
- ↑ "Die künftigen Schöffenräte im Überblick." wort.lu, 12 Oktober, 2017 um 11:19.
- ↑ Saviez-vous que Interessantes aus der Geschicht vun Dikrech op csv.lu
- ↑ Bourgmestres del aville de diekirch 1835 - 1945 am Deiwelselter - Informatiounsblad vun der Gemdng Dikrech - Mäerz 2016
- ↑ Den Nicolas Wagener op www.deltgen.com
- ↑ De Jean Mathieu Laeis op www.deltgen.com
- ↑ ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
- ↑ Biographie vum Pierre Pemmers am Tageblatt vum 28. Juni 1922
- ↑ Memorial A N° 4 vun 1946 mam Avis: Administrations communales. COMPOSITION DES COLLEGES ECHEVINAUX Archivéiert de(n) 2016-03-28. Gekuckt de(n) 2015-04-19.