Ben Heyart
Ben Heyart | |
---|---|
Gebuer |
18. November 1927 Lëtzebuerg |
Gestuerwen | 26. Februar 2009 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler |
De Ben Heyart, gebuer den 18. November 1927 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen de 26. Februar 2009[1], war e lëtzebuergesche Moler.
Hien huet e Studium op der École nationale supérieure des beaux-arts de Paris an op der Académie Julian gemaach. Duerno huet hien nach op der Académie royale des beaux-arts de Bruxelles studéiert.
Vun 1957 un war hien Zeecheprofesser an der Lycée de garçons de Luxembourg an am Kolléisch an der Stad.
De Ben Heyart war als kreative Kënschtler a ville Gebidder doheem. Hien huet net nëmme Biller gemoolt, mä och Mosaicker a Glasfënsteren entworf, wéi an der Kierch zu Steesel oder de Kräizwee an der Kierch um Belair
Seng Wierker goufen zu Lëtzebuerg an och am Ausland, wéi zu Tokyo, Paräis, Berlin an Amsterdam, an Ausstellunge gewisen.
Auszeechnungen
[änneren | Quelltext änneren]- 1962 krut hien de Prix Grand-Duc Adolphe.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Kayser, Lucien, 2009. face à face: la fonction publique et l'art luxembourgeois. Confédération générale de la fonction publique. Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87954-212-6. (Ss. 36-38)
- Paul Maas, 2010. Ben Heyart oder Ein Sockel für Transversalkompetenzen. récré 25, S. 30-33.
- Marc Theis an Elisabeth Vermast, 1995. Artistes luxembourgeois d'aujourd'hui. 'Édition Marc Theis, Lëtzebuerg/Hannover, S. 38-39.
- Edouard Marc Kayser, Ben Heyart et Pit Nicolas, deux artistes liés à l'Athénée; in: (kollektiv), De Kolléisch 2017, Festschrëft (...); Lëtzebuerg (Éditions de l'Athénée & Print Solutions), 2018; 2 Bänn; hei, Bd. I, Ss. 128-133 (ill. & Bibliogr.).
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vu lëtzebuergesche Konschtschafenden
- Dräifaltegkeetskierch zu Walfer
- Kierch Lëtzebuerg-Belair