Auguste Engel
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Auguste Engel | |
---|---|
Gebuer |
23. November 1889 Gronn |
Gestuerwen |
1. Januar 1950 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Komponist, Schauspiller, Dirigent |
Den Auguste Engel, gebuer den 23. November 1889[1] am Stater Gronn, a gestuerwen den 1. Januar 1950 an der Stad Lëtzebuerg[2], war e Komponist, Sänger, Schauspiller an Dirigent.
D'Musek gouf him souzesoe vu senger Mamm an d'Wéi geluecht, déi aus enger Musekerfamill gestaamt huet. Schonn a jonke Joren huet sech dem Engel säi musikalescht Talent gewisen an hie gouf 1920 Dirigent vum grënnesche Gesangsveräin „Société Chorale et Dramatique‚ La Fraternelle‘“. Hie war och Dirigent vun de Gesangsveräiner op der Polfermillen, zu Péiteng, Schëffleng an Izeg.
Hie war mat der Alice Wirol bestuet, enger Sängerin déi och an der ‚Fraternelle‘ aktiv war.
Als Undenken un den Auguste Engel an op Demande vu sengem Gesangsveräin huet de Stater Gemengerot den 12. Abrëll 1965 beschloss, d'Plaz Bei der Hasteschmillen a Place Auguste-Engel emzedeefen. Déi offiziell Aweiung vun der Plaz mam neien Numm war de 4. Juli 1965.
Quellen
[änneren | Quelltext änneren]- Luc Ewen, 23.09.2011 „Platz "bei der Hastechmillen" in "Place Auguste Engel" umbenannt“ op mywort.lu
- Evy Friedrich, Gaston Holzmacher, „Was bedeuten die Straßennamen der Stadt?“ an Ons Stad 08/1981
- Société Chorale et Dramatique ‚La Fraternelle‘ fir d'lescht gekuckt de 24. August 2014
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Den Auguste Engel am Luxemburger Lexikon S. 104, 1.Oplo 2006 Éditions Guy Binsfeld
- ↑ Doudesannonce vum Auguste Engel am Escher Tageblatt vum 3. Januar 1950. eluxemburgensia.lu. Gekuckt de(n) 21 September 2021.