Op den Inhalt sprangen

Agena

Vu Wikipedia

D'Agena war eng amerikanesch Uewerstuf fir Raumfaart-Drorakéiten. Hir Entwécklung berout op der no den éischte Satellittestarten um Enn vun den 1950er Jore gewonnener Erkenntnes, datt wann ee Satelliten (z. B. fir Opklärung) erfollegräich benotze wëll, ee genee definéiert Ëmlafbunne muss hunn. Déi konnte mat de Feststoffrakéitestufen déi nëmmen eemol gezünt konnte ginn net erreecht ginn.

Entwécklungsgeschicht

[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1955 un gouf der Arméi kloer, datt d'Satellitten-Technik an der Opklärung vu friemen Territoirë eng grouss Roll spille géif. An deem Sënn gouf de Programm WS 117L (WS fir Weapons System) gegrënnt. De Kär war e Foto-Opklärungssatellit, deem seng Fotoen op Filmer a Kapselen zeréck op d'Äerd bruecht solle ginn (Keyhole-CORONA). Déi Kapsele sollte wärenddeem se nach um Fallschierm hounge vu Fligere gefaange gi, fir méiglechst wéineg "Feindverloscht-Risiko" ze hunn. D'Viraussetzung war e Satellit, deen an der Ëmlafbunn manövréiere konnt. Dofir huet e missen eng Lagereegelung hunn souwéi en Dreifwierk dat e puermol konnt gezünnt ginn. Am Oktober 1956 krut d'Firma Lockheed de Kontrakt, well si op Entwécklunge fir e steierbaart Rakéitegeschoss fir Nuklearsprengkäpp vum Bomber B-58 Hustler zeréckgräife konnt. D'US Air Force bezeechent dëse Fluchkierper als RM-81 Agena. D'Satellitte goufen als Discoverer bekannt. Als Dreifstoff gouf déi lagerfäeg Kombinatioun Salpéitersaier/UDMH ausgewielt. D'Agena-Uewerstuf ass an de meeschte Fäll mat der eigentlecher Notzlaascht zesummebliwwen. Nëmme verschidden Deeler goufen no engem méi laange kollektivem Fluch fir de Retour oder als Raumsond ofgetrennt.

Agena A mat Discoverer-Notzlaascht

Déi éischt Agenaen hunn Dreifwierker vum Typ Bell XLR81-BA-3 (Modell 8001) benotzt, déi meescht awer duerno den Typ XLR-81-BA-5 (Modell 8048) mat zirka 69 kN (15 500 lb) Schub fir eng Brenndauer vun 120 s. D'Dreifwierk hat kardanesch opgehaangen Düse fir d'Nick- a Gier-Steierung. Mat der Thor-Agena A goufen déi éischt optesch CORONA-Opklärungssatellitte vun der Discoverer-Serie (KH-1 fir Keyhole gestart, op lëtzebuergesch Schlëssellach). D'Kombinatioun Atlas-Agena A gouf fir de Midas (Missile Detection and Surveillance) Fréiwarnsystem vu Rakéitestarten a fir den elektroneschen Iwwerwaachungsystem Samos (Satellite and Missile Observation System) benotzt.

D'Agena B, eng Weiderentwécklung vun der Agena A, hat hat verlängert Tanken an Dreifwierker vum Typ Bell XLR-81-BA-7 (Modell 8081). Déi Dreifwierker konnten am Vakuum nei gezünnt ginn. Se haten zirka 71 kN (16000 lb) Schub, an d'Totalbrennzäit hat sech op 240 s verduebelt. Spéider Varianten hunn d'Dreifwierk Bell XLR-81-BA-9 (Modell 8096) benotzt. D'Thor-Agena B gouf nees fir Satellitte vun der Keyhole-Serie (KH-2/3/4/5) an deelweis fir de Samosprogramm agesat. D'Atlas-Agena B fir Midas a Samos. Och d'Ranger-Mound- a Raumsonde goufe mat hir gestart.

D'Agena C sollt eng Weiderentwécklung mat nach enger verduebelter Tankkapazitéit sinn. Se gouf awer net realiséiert

Agena D als GATV-Zilsatellit Gemini 10
KH-4B Corona-Satellit mat integréierter Agena D

Wärend d'Agena A a B fir all Missioune speziell ugepasst goufen, gouf mat der Agena D op Basis vun der Agena B eng éischt standardiséiert Plattform fir Notzlaaschten, souwuel fir Thor-, Atlas- an och Titan-Rakéite geschaaft. D'Notzlaascht war am Nuesekonus, oder blouf, wéi am Fall vun den Keyhole-Satelliten, fest mat der Agena verbonnen. Ausserdeem konnten um Heck vun der Stuf kleng Sekundärnotzlaaschten festgemaach ginn. D'Notzlaaschte waren ë. a. d'Mariner-Planéitesonden, awer och d'Gemini Agena Target Vehiclen an Zilsatellitte fir Kopplungsexperimenter am Kader vum Gemini-Programm. Déi meescht Notzlaaschte waren awer militäresch. Mat den Thor-Variante goufen d'Satellitte vun den optesche CORONA-Opklärungssatellitten (KH-4/4A/4B), ARGON (KH-5) a LANYARD (KH-6) gestart. D'Atlas (LV-3A/SLV-3) hunn déi optesch GAMBIT (KH-7), d'Atlas SLV-3A d'CANYON/RHYOLITE/AQUACADE-Satellitte fir elektronesch Opklärung (ELINT/SIGINT) op geostationär Ëmlafbunne bruecht. Mat den Titan 3B/23B/24B goung den opteschen Opklärungsprogramm GAMBIT (KH-8) weider. Déi méi grouss Titan 33B/34B gouf nees fir d'SIGINT-JUMPSEAT-Satellitte benotzt.

Technesch Donnéeën

[änneren | Quelltext änneren]
Typ Agena A Agena B Agena D
Längt 5,94 m 7,56 m 7,09 m
Duerchmiesser 1,52 m
Mass 3850 kg 7167 kg 6821 kg
Eidel-Mass 885 kg 867 kg 673 kg
Dreifstoffgewiicht 2945 kg 6115 kg
Undriff Bell 8001/8048 (XLR81-BA-3/5)
68,9 kN fir 120 s
Bell 8081 (XLR81-BA-7)
71,1 kN fir 240 s
Bell 8096 (XLR81-BA-9)
71,1 kN fir 240 s

Startlëscht vun der Agena-Stuf

[änneren | Quelltext änneren]
Rakéitentyp Zuel vun de Starten Éischte Start Leschten Asaz
Thor(SLV-2)+Agena A 16 21.01.1959 13.09.1960
Atlas(LV-3A)+Agena A 4 26.02.1960 31.01.1961
Rotal Agena A 20
Thor(SLV-2)+Agena B 44 26.10.1960 28.08.1964
Thrust-Augmented Thor
(SLV-2A/C)+Agena B
3 29.06.1963 15.05.1966
Atlas(LV-3A)+Agena B 28 12.07.1961 21.03.1965
Atlas(SLV-3)+Agena B 1 09.06.1966
Total Agena B 76
Thor(SLV-2)+Agena D 22 28.06.1962 31.05.1967
Thrust-Augmented Thor
(SLV-2A/C)+Agena D
60 28.02.1963 17.01.1968
Long-Tank Thrust-Augmented Thor
(SLV-2G/H)+Agena D
22 09.08.1966 16.07.1971
Thorad (SLV-2G/H)+Agena D 21 18.05.1968 25.05.1972
Atlas (LV-3A)+Agena D 15 14.08.1964 05.11.1967
Atlas (SLV-3)+Agena D 48 14.08.1964 05.11.1967
Atlas (SLV-3A)+Agena D 12 04.03.1968 07.04.1978
Atlas F+Agena D 1 27.07.1978
Titan IIIB (SLV-5B) 29 29.07.1966 23.10.1970
Titan 23B 2 21.01.1971 22.04.1971
Titan 33B 3 21.03.1971 21.08.1973
Titan 24B 23 12.08.1971 21.08.1973
Titan 34B 11 10.03.1975 12.02.1987
Total Agena D 269