Op den Inhalt sprangen

Afrikanesch Entwécklungsbank

Vu Wikipedia
Banque africaine de développement
African Development Bank
Typ Bank
Slogan Bâtir aujourd'hui, une meilleure Afrique demain
Building today, a better Africa tomorrow
Grënnungsdatum 1964
Sëtz Côte d'Ivoire, Abidjan
Generaldirekter Donald Kaberuka (President)
Conseil des gouverneurs
Conseil d'administration
Produit Entwécklungszesummenaarbecht
Homepage www.afdb.org

D'Afrikanesch Entwécklungsbank (op Franséisch: Banque africaine de développement oder kuerz BAD; op Englesch: African Development Bank oder kuerz AfDB) ass eng regional, multilateral Entwécklungsbank fir den afrikanesche Kontinent mat Sëtz zu Abidjan an der Côte d'Ivoire. Hiert Zil ass d'wirtschaftlech an d'sozialpolitesch Entwécklung am afrikanesche Raum duerch d'Finanzéierung vu bestëmmte Projete virunzedreiwen. Dobäi ginn d'Prioritéiten op déi méi aarm Länner a spezifesch Secteure gesat, wéi zum Beispill Infrastruktur, Landwirtschaft oder de private Secteur.

Geschicht a Struktur

[änneren | Quelltext änneren]
Den Akinwumi Adesina, President vun der Bank zanter 2015

D'Ofkommes fir d'Bank ze grënnen, gouf de 4. August 1963 zu Khartum am Sudan adoptéiert an dräi Joer méi spéit, den 1. Juli 1966, huet se ugefaange mat schaffen.[1] Obwuel d'AfDB ufanks als puer afrikanesch Institutioun gegrënnt gouf, ass 1979 decidéiert ginn, och net-afrikanesch Länner zouzeloosse fir sou Zougank zu weidere Kapitalquellen ze hunn. Wéinst der Resistenz vu verschiddene Länner, dorënner Nigeria an Algerien, ass déi Entscheedung awer eréischt 1982 ëmgesat ginn.

Nieft den uewe genannte Prioritéitssecteure vergëtt d'AfDB och Kreditter un déi finanziell méi staark Staaten, haaptsächlech an Nordafrika. Zousätzlech gëtt et am Grupp vun der AfDB nach déi separat Entitéite vum Afrikaneschen Entwécklungsfong (Fonds africain de développement; African Development Fund) a vum Nigeria Trust Fund (Fonds spécial du Nigéria).

Den afrikaneschen Entwécklungsfong gëtt aarme Länner Kreditter zu konzessionäre Konditiounen an huet als Zil d'Aarmutsreduktioun. D'Sue fir dee Fong kommen ausschliisslech vun net-afrikanesche Staaten. Den Nigeria Trust Fund ass 1976 mat engem Accord tëscht dem AfDB Grupp an der nigerianescher Regierung mam Zil geschaf ginn, d'Entwécklungsefforte vun der Bank hire Membere mat niddregem Akommes z'ënnerstëtzen. Haut spillt dee Fong awer nëmmen nach eng manner wichteg Roll.

Déi éischt Hallschent vun den 1990er Jore war fir d'AfDB vu Krise markéiert, well d'Bank duerch héich Verloschter, politesch Muechtspiller an onduerchsichtegem Management u Reputatioun verluer huet a massiv vun Ausse kritiésiert ginn ass. No 1995 ass d'Bank ënner der Leedung vum Marokaner Omar Kabbaj staark reforméiert ginn, wat hire Leeschtungprofil an hir Kredibilitéit bedéitend verbessert huet. 2005 bis 2015 war de ruandeschen Ekonomist Donald Kaberuka President vun der AfDB. Zanterdeems ass den Akinwumi Adesina President.

Nom Putsch an der Côte d'Ivoire huet d'AfDB hir Operatiounen temporär op Tunis verluecht. De komplette Retour op Abijan ass fir 2014 ugekënnegt.[2]

Am Ablack (Stand 2023) sinn 82 Länner Member vun der Bank, dorënner alleguer d'afrikanesch an 28 net-afrikanesch Länner. Um 31 Dezember 2010 huet d'AfDB Suen am Wäert vun ongeféier 12,06 Milliarden US-Dollar géréiert, dovun ëm déi 7,05 Milliarden USD an de verschiddene Portefeuilleë vun der AfDB selwer an 4,94 Milliarden USD am Afrikaneschen Entwécklungsfong.[3]

Lëtzebuerg an d'Afrikanesch Entwécklungsbank

[änneren | Quelltext änneren]

Am Juni 2013 huet de Lëtzebuerger Regierungsrot e Gesetzesprojet adoptéiert, deen d'Adhésioun vu Lëtzebuerg zur Afrikanescher Entwécklungsbank virgesinn huet. Fir Member bei der Bank ze ginn muss e Land gläichzäiteg Member beim Afrikaneschen Entwécklungsfong ginn.[4] Den 10. Mee 2014 hunn de Finanzminister Pierre Gramegna an de Bankpresident Donald Kaberuka zu Lëtzebuerg den Accord iwwer d'Memberschaft ënnerschriwwen, an deem festgehale gouf datt Lëtzebuerg iwwer déi nächst 8 Joer 25 Milliounen Euro wäert investéieren.[5]

  • 1964-1970: Mamoun Beheiry (Sudan)
  • 1970-1976: Abdelwahab Labidi (Tunisien)
  • 1976-1979: Kwame Donkor Fordwor (Ghana)
  • 1979-1980: Godwin Gondwe (Malawi, Interimspresident)
  • 1980-1985: Willa Mung'Omba (Sambia)
  • 1985-1995: Babacar N'diaye (Senegal)
  • 1995-2005: Omar Kabbaj (Marokko)
  • 2005-2015: Donald Kaberuka (Rwanda)
  • 2015-haut: Akinwumi Adesina (Nigeria)

(Stand: 2020)[6]

Afrikanesch Memberstaaten

[änneren | Quelltext änneren]
Egypten Algerien Angola
Equatorialguinea Ethiopien Benin
Botswana Burkina Faso Burundi
Dschibuti Côte d'Ivoire Eritrea
Eswatini Gabun Ghana
Gambia Guinea Guinea-Bissau
Kamerun Cap Vert Kenia
Komoren Demokratesch Republik Kongo Republik Kongo
Lesotho Liberia Libyen
Madagaskar Malawi Mali
Marokko Mauretanien Mauritius
Mosambik Namibia Niger
Nigeria Ruanda Sambia
São Tomé a Príncipe Senegal Seychellen
Sierra Leone Simbabwe Somalia
Sudan Südafrika Südsudan
Tansania Togo Tschad
Tunesien Uganda Zentralafrikanesch Republik

Net-afrikanesch Memberstaaten

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Afrikanesch Entwécklungsbank – Biller, Videoen oder Audiodateien

Weider Quellen

[änneren | Quelltext änneren]
  • Kleines Afrika-Lexikon, 2004, R. Hofmeier an A. Mehler (Hrsg), C.H. Beck oHG, München

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. afdb.org: Historique (gekuckt de 5. November 2013)
  2. afdb.org: AfDB Governors Announce Bank's Return to its Headquarters in Abidjan (1. Juni 2013; gekuckt de 5. November 2013)
  3. afdb.org: Gestion de liquidités (gekuckt de 5. November 2013)
  4. gouvernement.lu: Conseil de gouvernement: Résumé des travaux du 7 juin 2013 (7. Juni 2013; gekuckt de 5. November 2013)
  5. gouvernement.lu: Le Ministre des finances, Pierre Gramegna, signe l'Accord d'adhésion du Luxembourg à la Banque africaine de développement et au Fonds africain de développement. (Mee 2014)
  6. Countries. African Development Bank gekuckt 14.01.2021