Beelen
Beelen | |||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Beel | |||||||||||||
Systematik | |||||||||||||
| |||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||
Tabanidae | |||||||||||||
Ënnerfamilljen | |||||||||||||
Pangoniinae |
Beelen (Tabanidae) sinn eng Famill aus der Ënneruerdnung vun de Mécken (Brachycera) aus der Uerdnung vun den Diptera („mat zwéi Flilleken“) a gehéieren zu den Insekten, déi Blutt suckelen. Si kënne bis zu 30 Millimeter laang ginn.
D'Beele sinn och Parasitten. Hir Wiert sinn haaptsächlech d'Mamendéieren, dat heescht och de Mënsch.
Den Numm
[änneren | Quelltext änneren]- op Englesch: the horsefly
- op Däitsch: die Bremse
- op Franséisch: le taon
- op Hollännesch: Daas, paardenvlieg
Vu wat se sech ernieren
[änneren | Quelltext änneren]Bei deene meeschte vun den ongeféier 4.000 Aarten ass et d'Weibchen, dat Blutt suckelt; dat männlecht Insekt besicht d'Bléien a suckelt den Nektar. Just bei e puer Aarten erniert sech d'Weibche vu Planzen. E puer seelen tropesch Aarte liewe vu verloudertem Fleesch.
Am Géigesaz zu de Mustiken deet de Stach vun enger Beel däitlech méi wéi, well de Mondapparat méi grouss ass. Beelen injizéieren - wéi vill aner Insekten, déi Blutt suckelen - eng Flëssegkeet, déi d'Liwwere vum Blutt verhënnert. Beele kënne bis 0,2 Milliliter Blutt suckelen.
Geforen
[änneren | Quelltext änneren]Net nëmmen an Afrika iwwerdroen d'Beelen duerch hire Stach verschidde Krankheete wéi Mëlzbrand an Tularemie. Bei Hausdéiere kënnen d'Stéch zu manner Mëllechproduktioun féieren.
Liewensweis
[änneren | Quelltext änneren]D'Weibercher leeën 100 bis 1000 Eeër. D'Larve liewen am Bulli um Bord vun naasse Plazen.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Tabanidae – Biller, Videoen oder Audiodateien |