Kopenhagen
Dëse Geographiesartikel iwwer Dänemark ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Kopenhagen (Dänesch København = "Kaufmannshafen", Latäin Hafnia = "Hafen", Schweedesch Köpenhamn) ass d'Haaptstad vun Dänemark an och säin Zentrum a politescher, kultureller a wirtschaftlecher Siicht. Kopenhagen huet ronn 550.000 Awunner (2012).
Kopenhagen | |
---|---|
Land | Dänemark |
Awunner | 644.431 |
1. Januar 2022 | |
Fläch | 90,90 km² |
Héicht | 14 m |
Koordinaten | 55°40'34"N, 12°34'8"O |
Telefonszon | 3 |
Postcode | 1000 |
Websäit | https://www.kk.dk/ |
Geschicht
ännerenDëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Kultur a Kuckeswäertes
ännerenTheater
ännerenDe bekanntsten Theater vu Kopenhagen ass de kinnekleche Theater (Kongelige Teater). Dat 1874 opgeriicht Gebai ass am Kongens Nytorv a bitt Plaz fir 1.500 Leit. Do ginn Operen, Theaterstécker a Balleten opgefouert. Zanter 2005 huet Kopenhagen eng Nei Oper, eng vun de modernsten Operen op der Welt.[1])
Am Mierjoffer-Theater (Mermaid Teater) sinn all ugekënnegt Virstellungen an Englescher Sprooch.
Déi bekanntst dänesch Schauspiller trieden dogéint am Ny-Theater op.
Muséeën
änneren- Statens Museum for Kunst
- Davidsche Sammlung (Davids Samling) - Dänesch Tableauen aus dem 19. Jh.
- Eksperimentarium
- Hirschsprung-Sammlung
- Tycho Brahe Planetarium
- Ny Carlsberg Glyptotek, e Miniatur-Louvre.
- Thorvaldsen Musée mat Skulpture vum Bertel Thorvaldsen.
- Medezinesch-historesche Musée
Aner kuckeswäert Plazen
änneren- Schlass Amalienborg
- Déi kleng Mierjoffer, (dän.:Den lille Havfrue)
- Tivoli-Park
- Ronnen Turem
- St. Petrikiirch
- Botanesche Gaart
- Schlass Christiansborg
Kuckeswäertes an der Ëmgéigend
änneren- Klengen Hafen an urwüchsegt Fëscherduerf Dagöer (dän.:Dagør)
- Déi 6,8 km laang Storebælt-Bréck, déi Dänemark mat Schwede verbënnt an déi déi längst Bréck vun Europa ass.
Politik
ännerenEkonomie
ännerenVerkéier
ännerenDe Metro vu Kopenhagen zielt zu deene modernsten op der Welt. Hie fiert computergesteiert, dat heescht ganz ouni Personal, iwwer de ganze Reseau, deen eréischt an den 1990er Jore gebaut gouf.
Illustratiounen
änneren-
De botanesche Gaard
-
D'Storebælt-Bréck verbënnt Dänemark mat Schweden
-
D'Front vun engem Metroszuch ouni Kabinn an ouni Chauffer
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Kopenhagen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Kuckt d'Bild nieft dem Text. Cf. d'Websäit vun der neier Oper.