Universitéit vu Franeker
() | |
---|---|
Typ | Universitéit |
Land | Holland |
Gegrënnt | 15. Juli 1585 |
D'Universitéit vu Franeker och nach Akademie vu Frisland (lat. Academiae Franekerensis) war eng hollännesch Universitéit zu Franeker an der Provënz Frisland. Si bestoung vun 1585 bis 1811. No der Universitéit Leiden war si déi zweeteelst Universitéit an Holland.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Universitéit vu Franeker gouf de 15. Juli 1585 vun der frisescher Provënzregierung, de Provënzstaaten, gegrënnt, fir reforméiert Priedeger a Beamte fir den neie Staat auszebilden. D'Wal war op Franeker gefall, well do fréier Klouschtergebaier zur Dispositioun stoungen an d'Stad wärend dem Krich géint Spuenien méi sécher war wéi d'frisesch Haaptstad Leeuwarden.
D'Universitéit gouf aus agezunnenem Kierchebesëtz finanzéiert a krut als Opsiicht véier Kuratoren, déi vun de Provënzstaaten ernannt goufen. Déi reforméiert Kierch hat keen direkten Afloss.
Wärend dem Gëllenen Zäitalter am 17. Joerhonnert erlieft d'Universitéit eng grouss Zäit. Si gouf vu villen auslännesche Studenten besicht, déi zäitweis d'Hallschent vun de Studenten ausgemaach haten. Si koumen virun allem aus reforméierte Gebidder aus Däitschland an Ungarn. Am 18. Joerhonnert hat d'Bedeitung vun der Universitéit ofgeholl an hat nëmmen nach regional Bedeitung. Wéi Holland an dat Franséischt Keeserräich eingegliddert gouf, blouwen nëmmen dräi Universitéiten, Leiden, Utrecht a Groningen. D'Universitéit vu Franeker gouf zougemaach.
Vun 1813 bis 1843 huet se nach als Akademie ouni Universitéitsstatus weiderfunktionéiert. An Däitschland gouf et mat der Héijer Schoul Herborn eng vergläichbar calvinistesch Bildungsariichtung, zu där och e grousse Kontakt bestoung.
Bekannt Professeren a Studenten
[änneren | Quelltext änneren]- Foppe van Aitzema (1580–1637), Student, gouf spéider Jurist an Diplomat
- Balthasar Bekker (1634–1698), Student, gouf spéider Theolog
- Johannes Coccejus (1603–1669), gouf Professer fir hebräesch Sprooch, vun 1643 fir Theologie
- René Descartes (1596–1650), Student am Joer 1629
- Willem van Haren (1710–1768), Schrëftsteller a Politiker
- Onno Zwier van Haren (1713–1779), Politiker an Dichter
- Johann Gottlieb Heineccius (1681–1741), Professer vum Droit
- Daniel Heinsius (1580–1655), Humanist
- Tiberius Hemsterhuis (1685–1766), Professer fir Griichesch a Philosoph
- Johann Ph. Holwarda (1618–1651), Astronom, Dokter, Professer vun der Philosophie
- Johannes Maccovius (1588–1644), Professer fir Theologie aus Polen
- Henricus Antonides Nerdenus, Professer fir Theologie 1585 - 1614
- Murk van Phelsum (1730–1779), Dokter a Pharmakolog
- Anna Maria von Schürmann (1607–1678), zu Köln gebuer, 1639 eent vun den éischte weibleche Studentinnen an Europa
- Garlieb Sillem, (1676-1732), Buergermeeschter vun Hamburg
- Petrus Stuyvesant (1612–1672), Gouverneur vun Nieuw-Amsterdam
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Jacob van Sluis: University of Franeker. In: Wiep van Bunge (Hrsg.): The dictionary of seventeenth and eighteenth-century Dutch philosophers. Vol. 1: A–J, Thoemmes Press, Bristol 2003, S. 314–317.
- Willem Roelf Henderikus Koops: Academisch onderwijs in Franeker en Groningen, 1585–1843, ijver en wedijver. Universiteitsmuseum, Groningen 1985.
- G. Th. Jensma und F. R. H. Smit (Hrsg.): Universiteit te Franeker, 1585–1811. Bijdraagen tot de geschiedenis van de Friese Hogeschool. Fryske Akademy, Leeuwarden 1985.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- (nl) Rezension zu G. Th. Jensmas Universiteit te Franeker von Peter van Rooden
- Digitale historische Bibliothek Friesland. Literatur zu der Geschicht vun der Universitéit.