Schabloun:AVDW R49
D'Drosera rotundifolia ass eng Planzenaart vun der Famill vun den Droseraceae. Et ass eng karnivor Planz, déi a Westeuropa rar ass.
D'Planz ass méijäreg an entwéckelt sech aus enger sougenannter Wanterknosp (oder Hibernakel). Si kann eng 5 bis 20 Zentimeter héich ginn an huet Blatstiller vun 1 bis 7 cm Längt, op deene ronnelzeg Blieder sinn, déi en Duerchmiesser vun 0,5 bis 1,8 Zentimeter hunn. Op all Blat sëtzen eng 200 ganz reng roudelzeg Tentakelen, déi un hirer Spëtzt e pechecht Sekret ausscheeden, mat deem Insekte gefaange ginn (Mustiken oder Mécken, geleeëntlech och alt méi grousser, wéi Päiperleken oder Libellen).
An dësem Sekret sinn Enzymer, déi Eewäisser splécke kënnen a Seechomessesaier. Wann en Insekt gefaangen ass, da bewege sech d'Tentakelen an d'Mëtt vum Blat. No enger 2 Stonnen rullt d'Blat sech zesummen, sou datt nach méi Verdauungsdrüsen a Kontakt mat der Beit komme kënnen. No e puer Deeg ass d'Verdauung eriwwer, an d'Blat gëtt nees flaach. Just de Chitinpanzer vun der Beit gëtt net verdaut... > méi