Mergesort
Ausgesinn
Dësen Informatiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Mergesort ass ee séiert allgemengt Zortéierverfahren, dat 1945 vum John von Neumann virgestallt ginn ass. Et ass eng rekursiv, stabil awer net in-place Zortéiermethod, déi nom Divide and Conquer-Prinzip schafft.
Funktiounsweis
[änneren | Quelltext änneren]Mergesort ass eng speziell Uwennung von enger allgemenger Prozedur fir rekursiv Algorithmen.
D'Prinzip vun Divide and Counquer huet dräi Schrëtt:
- Divide: De Problem gëtt an eng Zuel vu gläichgroussen Deelproblemer zerluecht.
- Conquer: Deelproblemer ginn duerch Rekursioun (duerch Opruff vum selwechten Algorithmus) geléist.
- Combine: Déi eenzel Léisunge ginn zu enger Gesamtléisung vum Originalproblem nees zesummegesat. Hei gëtt déi eigentlech Aarbecht gemaach.
Bei Mergesort bedeit dëst:
- Divide: Mergesort spléckt een Tableau vun Elementer, déi zortéiert solle ginn, an zwéin Deeler vun der Gréisst op.
- Conquer: Déi zwéin Deeltableaue gi rekursiv mat Mergesort zortéiert.
- Combine: Merge mëscht déi zwéin zortéiert Deeltableauen, soudatt s'eng zortéiert Sequenz erginn.
Algorithmus
[änneren | Quelltext änneren]De follgende Pseudocode stellt eng Implementéierung vum Algorithmus dur:
Mergesort(A,p,r) if p<r then q:= (p+r)/2 Mergesort(A,p,q) Mergesort(A,q+1,r) Merge(A,p,q,r) fi end
Prozedur Merge
Merge(A,p,q,r) i:= p j:= q+1 k:= p while i<=m and j<=r do if A[i]<A[j] then B[k]:= A[i] i:= i+1 else B[k]:= A[j] j:= j+1 fi k:= k+1 od while i<=m do B[k]:= A[i] i:= i+1 k:= k+1 od while j<=r do B[k]:= A[j] j:= j+1 k:= k+1 od // Kopéiere vum Tableau B nees an den Tableau A for i:=p to r do A[i]:= B[i] od end
Lafzäit
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Thomas H. Cormen, Charles E. Leiserson, Ronald L. Rivest: Introduction to Algorithms. MIT Press, 1990.