Josep Comas i Solà
Josep Comas i Solà | |
---|---|
Gebuertsnumm | José Comas y Solá |
Gebuer |
17. Dezember 1868 Barcelona |
Gestuerwen |
2. Dezember 1937 Barcelona |
Nationalitéit | Spuenien |
Educatioun | Universitéit vu Barcelona |
Aktivitéit | Astronom |
Member vun | Real Academia de Ciencias y Artes de Barcelona, Sociedad Astronómica de España y América |
De Josep Comas i Solà (Katalounesch), gebuer den 19. Dezember 1868 zu Barcelona, Katalounien, a gestuerwen den 2. Dezember 1937 och do, war e katalouneschen Astronom. Hie war den éischte President vun der 1911 gegrënnter Sociedad Astrónomica de España y América.
De Comas y Solá hat sech intensiv dem Studium vun de Planéite Mars a Saturn zougedréit an hat och d'Rotatiounsdauer vun hinne bestëmmt. Schonn 1908 hat hien aus Observatioune vum Saturnmound Titan mam Teleskop erausfonnt, datt dee vun enger Atmosphär ëmgi muss sinn.
Hie verfaasst a senger Karriär eng Rei vu populäre Bicher. Wärend senger Aarbecht entdeckt hie weider 11 Asteroiden an de periodesche Koméit 32P/Comas Solá a war Matentdecker vum netperiodesche Koméit C/1925 F1 (Shajn-Comas Solá).
Him zu Éiere sinn d'Asteroiden (1102) Pepita (no sengem Spëtznumm Pepito) an (1655) Comas Solá genannt.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Josep Comas i Solà – Biller, Videoen oder Audiodateien |