Europastrooss E421
Ausgesinn
| ||||||||||
Stied op der Streck vun der E421 | ||||||||||
|
D'Europastrooss E421 ass eng Europastrooss an der Belsch an zu Lëtzebuerg.
Se fänkt südlech vun Oochen, op der belsch-däitscher Grenz bei Eynatten op der A3/E40 un. Duerno geet hiren Trajet iwwer d'N68 ë. a. duerch Eupen a Malmedy a féiert iwwer déi zwéin héchst Punkte vun der Belsch, d'Baraque Michel an de Signal de Botrange. Tëscht Malmedy a Sankt Vith leeft se der A27/E42 no, ass awer net markéiert. Südlech vu Sankt-Vith féiert se iwwer d'N62 bis op d'Grenz mat Lëtzebuerg op der Wemperhaart.
Se leeft da vun Norden a Richtung Süden iwwer d'N7 laanscht Dikrech an Ettelbréck, an da weider iwwer d'A7 (Nordstrooss) bis op de Verdeeler um Waldhaff, wou se op d'N11 / E29 stéisst.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
D'E421 um Viaduc du Recht PK 40 vun der A27 an der Belsch
-
...an op Héicht vun der Fléiber, a Richtung Norden.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: E421 – Biller, Videoen oder Audiodateien |