(1866) Sisyphus
Ausgesinn
Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp | Apollo-Asteroid |
Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
Grouss Hallefachs | 1,8940 A.E. |
Exzentrizitéit | 0,5387 |
Sideresch Ëmlafzäit | 952,05 Deeg |
Mëttel Bunnvitess | 21,64 km/s |
Inklinatioun | 41,174 Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | 8,5 km |
Rotatiounsperiod | 2,4 Stonne |
Albedo | 0,15 |
Absolut Hellegkeet | 12 |
Spektralklass | S-Typ |
Entdeckung | |
Entdecker | Paul Wild |
Entdeckungsdatum | 5. Dezember 1972 |
Aner Bezeechnungen | 1972 XA |
Den (1866) Sisyphus ass en äerdnoen Asteroid vum Apollotyp.
Den Asteroid gouf de 5. Dezember 1972 vum Paul Wild entdeckt an ass no der Sisyphos, enger bekannter Figur vun der griichescher Mythologie, genannt.
De Sisyphus beweegt sech tëscht 0,8738 AE (Perihel) an 2,9142 AE (Aphel) a ronn 2,6 Joer ëm d'Sonn. D'Bunnexzentrizitéit ass 0,5387, d'Bunn ass mat 41,174° ongewéinlech staark géint d'Ekliptik gebéit.
De Sisyphus ass en Asteroid vum S-Typ mat enger Albedo vun ongeféier 0,15. En dréint sech an nëmmen 2,4 Stonnen ëm déi eegen Achs an huet also eng aussergewéinlech séier Rotatioun. Mat engem Duerchmiesser vun iwwer 8 km ass de Sisyphus dee gréisste bekannten Apollo-Asteroid.