Péiteng
Péiteng ass eng lëtzebuergesch Uertschaft am Kanton Esch-Uelzecht an Haaptuert vun der Gemeng Péiteng.
Péiteng | |
---|---|
D'Gemengenhaus zu Péiteng | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Pétange de: Petingen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Esch-Uelzecht |
Gemeng | Péiteng |
Buergermeeschter | Jean-Marie Halsdorf (CSV) |
Awunner | 9.821 |
1. Januar 2023 | |
Fläch | 410 ha |
Koordinaten |
49° 33’ 23’’ N 5° 52’ 37’’ O |
Geschicht
ännerenPéiteng gëtt fir d'éischt am Joer 938 an enger Charta historesch ernimmt an zwar ënner dem Numm "Perdgitten". Dem Professer Jos. Meyers no kënnt den Numm Péiteng vum Numm vun der fränkescher Sipp "Petto" hier. Am Laf vun der Geschicht huet Péiteng verschiddenen Herrschafte gehéiert.
- 4. Abrëll1281: Péiteng krut vum Heinrich V., genannt de Blonden, Grof vu Lëtzebuerg, a vum Rudolph, Här vu Sterpenich, de Fräiheetsbréif nom béimesche Recht. Duerch dëse Fräiheetsbréif goufen d'Awunner vu Péiteng fräi Bierger, déi sech selwer hunn däerfte verwalten ënner der Herrschaft vum Grof vu Lëtzebuerg.
- Tëscht 1310 an 1346: Jang de Blannen erneiert a bestätegt de Fräiheetsbréif.
- 7. Januar1540: Neifaassung vum Fräiheetsbréif duerch de Keeser Karel V.
- 1898: Aweiung vum Spidol St. Joseph, dat d'Zita-Schwëstere baue gelooss hunn.
- 1900: Aweiung vun der haiteger Gare.
- 1907: D'Gemeng keeft d'Schlass Nothomb mat allen Dependancen.
- 1933: Aweiung vun der haiteger Parkschoul.
- 15. Mee 1938: Aweiung vum haitege Stadhaus op där Plaz, wou virdrun d'Schlass stoung.
- 11. Mee 1940: Franséisch Granate falen op Péiteng. Eng Famill wëllt sech am Keller vun der Parkschoul a Sécherheet bréngen. Wéi se am Schoulhaff waren, explodéiert eng Granat nieft hinnen. De François Hahn, seng Fra Marguerite an hire Jong René stierwen op der Plaz. Et waren déi éischt zivil Affer vu Péiteng. Eng Gedenkplack am Schoulhaff erënnert u si.
- Den 9. September 1944 ass Péiteng, als éischt Uertschaft vu Lëtzebuerg, vun den amerikaneschen Truppe befreit ginn. Bei dëser freedeger Geleeënheet ass den éischten amerikaneschen Zaldot op Lëtzebuerger Buedem, den Hyman S. Josephson, gefall. Him zu Éiere gouf um haitege Square Hyman S. Josephson zu Péiteng e Monument opgeriicht.
- Den 9. August 2019 ass en Tornado duerch Péiteng gezunn, dee vill Schued ugeriicht huet.
Verkéier
ännerenPéiteng läit un de Linne 70 a 60 vun der Lëtzebuerger Eisebunn.
Un de Stroosseverkéier ass d'Uertschaft ugeschloss duerch d'Nationalstroossen N 5, N 5b, N 5c, N 5f, N 31 an den CR111.
Soss ass se nach un den ëffentleche Persounentransport ugeschloss iwwer d'Buslinnen 1, 3, 13 a 14 vum TICE, wat fréier eng Tramsstreck war.
Bevëlkerungsentwécklung
ännerenBekannt Péitenger
änneren- Mathias Adam, éischten Uewerprimärschoulmeeschter.
- Emil Angel, Schrëftsteller
- Germaine Damar, Filmschauspillerin
- Bim Diederich, Vëlossportler, zu Esch-Uelzecht gebuer awer zanter 1933 zu Péiteng.
- Constant Gillardin, Architekt
- Claudine Muno, Musekerin, Sängerin a Schrëftstellerin.
- Moritz Ney, Moler a Sculpteur
- Alphonse Nothomb, Politiker
- Michel Rasquin, Politiker
- Germaine Simon, Doktesch a Schrëftstellerin
- Paul Mathieu, Schrëftsteller
Déi Péitenger Awunner droen de Spëtznumm Wandjangen.
Kuckeswäertes
änneren- D'Kierch Péiteng
- D'Amerikanermonument mat engem M8 Greyhound. Et war dat éischt amerikanescht Gefier dat den 9. September 1944 op Lëtzebuerger Buedem vun der Wehrmacht zerstéiert gouf. Dobäi ass och den éischten amerikaneschen Zaldot, den Hyman S. Josefson, op Lëtzebuerger Buedem gefall.
- Galloréimesch Ausgruewungen um Tëtelbierg
- Fond-de-Gras
- Naturschutzgebitt Prënzebierg
- Borne du Passeur, zu Éiere vun de Passeuren a Filiéristen aus dem Zweete Weltkrich.
Kuckt och
änneren- Tornado vu Péiteng
- Gare Péiteng
- Rangéiergare Péiteng
- Lëscht vu Monumenter zu Lëtzebuerg déi un den Zweete Weltkrich erënneren (P)
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
ännerenCommons: Péiteng – Biller, Videoen oder Audiodateien |