Monique Elvinger
D'Monique Anne Louise Elvinger-Goerens, gebuer den 19. November 1923 zu Gent, a gestuerwen den 12. Februar 2015 an der Stad Lëtzebuerg, war eng belsch-lëtzebuergesch Molerin.[1]
Monique Elvinger | |
---|---|
Gebuertsnumm | Monique Anne Louise Goerens |
Gebuer |
19. November 1923 Gent |
Gestuerwen |
12. Februar 2015 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Belsch, Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler |
Member vun | Cercle artistique de Luxembourg |
Liewen a Wierk
ännerenD'Monique Goerens ass an der Belsch gebuer. Si huet zu Bréissel op der Académie royale des Beaux-Arts an um Institut supérieur des arts décoratifs studéiert an am Atelier vum Charles Counhaye geschafft.[2] Si ass dunn op Lëtzebuerg geplënnert, wou se sech mam François Elvinger bestuet huet. Ee Joer drop krut si duerch Naturalisatioun déi Lëtzebuerger Nationalitéit.[3]
D'Elvinger-Goerens huet am Ufank figurativ gemoolt, méi spéit harmonesch, net-figurativ, geomeetresch Uelegbiller.[2] Virun hirem Bestietnes, tëscht 1948 an 1949, hat si schonn eng Rëtsch Solo-Ausstellungen zu Bréissel. Zu Lëtzebuerg gouf si 1951 Member vun der Kënschtlervereenegung Cercle artistique de Luxembourg,[4] an huet op senge Salonen ausgestallt.[5] Do dernieft huet si zu Lëtzebuerg an am Ausland ausgestallt an hat 1987 eng Solo-Ausstellung an der Galerie Simoncini an der Stad Lëtzebuerg.
D'Monique Elvinger ass den 12. Februar 2015 am Alter vun 91 Joer gestuerwen.[6]
Kuckt och
ännerenReferenzen
änneren- ↑ "Monique Goerens-Elvinger", Lëtzebuerger Konschtlexikon, MNAHA.
- ↑ 2,0 2,1 Lambert Herr (1992) Anthologie des arts au Luxembourg. Luxemburg: Editions Emile Borschette. ISBN 2-87982-034-0. S. 77-78; Lambert Herr (2001) Signatures, portraits et auto-portraits : artistes plasticiens au Luxembourg. Luxembourg: Éditions Saint-Paul. ISBN 2-87963-382-6, S. 70.
- ↑ "Avis : Indigénat", Mémorial, 6. Oktober 1953, S. 1226.
- ↑ Jos Welter, red. (1993) Rétrospective : Cent ans d'art luxembourgeois 1893-1993. Luxemburg: Cercle Artistique de Luxembourg / Crauthem: Lux-Print. ISBN 2-919970-24-0.
- ↑ Kuckt ë.a.: Jos Walentiny, "Le Salon du Cercle artistique de Luxembourg", Luxemburger Wort, 14. Oktober 1978; Jos Walentiny, "La mi-figuration et l’abstraction", Luxemburger Wort, 19. Oktober 1979; Jos Walentiny, "Le Salon 1980 du Cercle artistique de Luxembourg", Luxemburger Wort, 18. Oktober 1980 (digitaliséiert vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik).
- ↑ Doudesannonce am Luxemburger Wort, 14. Februar 2015.
Dësen Artikel gouf ugeluecht als Iwwersetzung vun (nl)Monique Elvinger; Auteure bis dohin (9.12.2024) stinn do am Historique.