Laange Marsch 2, kuerz LM-2 oder CZ-2 ass eng Famill vu chineeseschen Drorakéite vun der Laange-Marsch-Rei. Déi eenzel Versiounen ënnerscheede sech heiansdo ganz staark.

Start vun enger 2D-Laange-Marsch-Drorakéit, Kosmodrom Jiuquan 2012

Geschicht

änneren
 
CZ-2F-Rakéitemodell, Hohhot 2011
2 2C 2D 2E 2F
         

Laange Marsch 2/2A/2C

änneren

D'Entwécklung vun der Laange Marsch 2 (vun hei u mat CZ-2 ofgekierzt) gouf gréisstendeels vun der Chineesesch Akademie fir Drorakéitentechnologie gemaach. D'CZ-2 (ouni Zousazbuschtaf oder CZ-2A genannt) ass de Basismodell vun der Laange Marsch 2 Rakéitefamill a gouf vun der Interkontinentalrakéit DF-5 aus entwéckelt. D'Entwécklungsaarbecht hat 1970 ugefaangen, woubäi d'Rakéit als Drorakéit fir den FSW-1-Heemreessatellit virgesi war. Den éischten (an eenzege) Start vun der Rakéit war de 5. November 1974, et war leider e Mësserfolleg. Dorophi gouf d'Rakéit modifizéiert an an CZ-2C ëmgenannt (2B gouf et net). Den éischte Start vun dëser Variant war den 29. November 1975. Et gouf s'och an e puer Ënnervarianten. Sou goufen d'Rakéite fir de Start vun Iridium-Satellitte vu Motorola als CZ-2C/SD bezeechent. Eng weider Variant mat dräiachsestabiliséierter Uewerstuf gouf fir den Double-Star-Programm vun der ESA an de KOMPSat-Programm vu Südkorea agesat. D'CZ-2C ass déi mat iwwer 30 Starten am heefegsten agesat Rakéit vun der Laange-Marsch-Famill an ass bis haut (2019) am Asaz.

Laange Marsch 2D/E/F/G/H

änneren

D'CZ-2D gouf vun der Weltraumagentur Shanghai entwéckelt an hat den 9. August 1992 hiren éischte Start. Trotz hirem Numm ass si keng Variant vun der CZ-2, mä eng zweestufeg Ofleedung vun der Laange Marsch 4A. Si gouf bis elo nëmme ganz rar agesat (all hir Starte waren zu Jiuquan a waren erfollegräich). Bei hirem bis elo leschte Fluch vum 25. Mee 2007 hat si den Äerdobservationssatellit Yaogan 2 an den Orbit gesat.[1]

D'CZ-2E där hir Entwécklung 1986 ugefaangen hat, war eng Weiderentwécklung vun der CZ-2D. Si gouf mat véier zousätzleche Boosteren ausgerëscht, déi dat selwecht Dreifwierk wéi déi zweet Stuf benotzen. Den éischte Start war de 16. Juli 1990. D'Geschicht vun dëser Rakéit ass vun zwéi Feelstarte gezeechent, déi op de selwechten, net behuewene Feeler zeréckzeféieren sinn, well d'Software net mat der direkt Ännerung vun de Wandverhältnesser beim Verloosse vun der Startplaz Xichang eens gouf. Beim éischten Accident vum 21. Dezember 1992 gouf duerch Wandstéiss an déi doduerch ausgeléist Steierungsmoossname vun der Rakéit d'Belaaschtung sou héich, datt d'Notzlaaschtverkleedung zerstéiert an ofgeworf gouf. D'Rakéit hat trotzdeem nach hiren Orbit erreecht an hat hiren (allerdéngs komplett zerstéierte) Satellit ausgesat. Beim zweeten Accident de 25. Januar 1995 war d'Rakéit an déi selwecht Situatioun geroden. Komplett ausser Kontroll war si e puer Kilometer vun der Startplaz erofgefall. Offiziell waren dobäi 21 Leit ëm d'Liewe koum. D'Rakéit gouf am Ganze siwemol agesat (leschte Start war den 28. Dezember 1995). Eng Weiderentwécklung „CZ-2E(A)“ mat méi laange Boostere gouf am Joer 2000 ugekënnegt, awer ni realiséiert.[1]

D'Entwécklung vun der Laange Marsch 2F hat 1992 op Basis vun der CZ-2E ugefaangen. Well si fir bemannt Missioune geduecht war, goufen dozou ëmfangräich Bestëmmunge fir d'Erhéijung vun der Zouverlässegkeet ëmgesat. Sou goufe redundant Systemer agefouert, an déi zweet Stuf gouf strukturell verstäerkt. Den onbemannten éischte Start war den 19. November 1999 vun der Startplaz Jiuquan. No dräi weideren onbemannten Testflich war du mat Shenzhou 5 den éischte bemannte Fluch. D'Rakéit ass dee bis elo zouverlässegste Modell an der Laange Marsch 2-Serie.

Nom Start vun Shenzhou 7 huet déi chineesesch Regierung bekannt gemaach, datt dat virleefeg de leschte Fluch vun enger Laange Marsch 2F war. D'Rakéit sollt vun 2011 un (fir Shenzhou 8) mat enger Versioun mat méi Leeschtung ersat ginn, déi iwwer 11 t an eng méi niddreg Äerdëmlafbunn brénge kann. Déi Versioun fir onbemannt Missioune gëtt Laange Marsch 2G genannt.

Spezifikatiounen

änneren

Laange Marsch 2F

änneren
  • Booster (4*)
    • Total Mass: 41.000 kg
    • Leermasse: 3.200 kg
    • Vakuumschub: 4 × 814 kN
    • Isp: 291 Sekonnen (2,9 kN•s/kg)
    • Brennzäit: 128 Sekonnen
    • Duerchmiesser: 2,3 m
    • Spannwäit: 8,0 m
    • Längt: 15,3 m
    • Dreifstoffer: Distéckstofftetroxid/UDMH
    • Dreifwierker: jee Booster en YF – 20B (also total 4)
  • 1. Stuf
    • Total Mass: 196.500 kg
    • Eidelmass: 9.500 kg
    • Vakuumschub: 3.256 kN
    • Isp: 289 Sekonnen (2,8 kN•s/kg)
    • Brennzäit: 166 Sekonnen
    • Duerchmiesser: 3,4 m
    • Längt: 23,7 m
    • Dreifstoffer: Distéckstofftetroxid/UDMH
    • Dreifwierk: 4 × YF – 20B
  • 2. Stuf
    • Total Mass: 91.500 kg
    • Eidel Mass: 5.500 kg
    • Vakuumschub: 831 kN
    • Isp: 425 Sekonnen (4,2 kN•s/kg)
    • Brennzäit: 295 Sekonnen
    • Duerchmiesser: 3,4 m
    • Längt: 15,5 m
    • Dreifstoffer: LH2/LO2
    • Dreifwierk: 1 × YF – 25/23

Spezifikatioune fir eeler Versiounen

änneren
Modell Stufen Längt (m) Max. Duerchmiesser (m) Startmass (t) Startschub (kN) Notzlaascht (LEO, kg)
Laange Marsch 2/2A 2 31,170 3,35 190 2786 1800
Laange Marsch 2C 2 35,15 3,35 192 2786 2400
Laange Marsch 2D 2 33,667
(ouni Schëld)
3,35 237 2961 3100
Laange Marsch 2E 2 (plus Booster) 49,686 11,45 462 5923 9200

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck

änneren
Commons: Laange Marsch 2 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. 1,0 1,1 Eugen Reichl, Das Raketentypenbuch, ISBN 978-3-613-02788-6, 1. Oplo 2007