Dëse Sproochen- a Linguistikartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Japanesch oder d'japanesch Sprooch (op Japanesch 日本語 nihongo) ass d'Amtssprooch vu Japan. Et ass d'Mammesprooch vu ronn 99 % vun der Bevëlkerung vu Japan. Déi grouss Gruppen a Brasilien an an den USA déi japanesch schwätzen, sinn Nokomme vu japaneschen Emigranten. Eng Besonneschkeet vun der Sprooch ass hire komplexe Schreifsystem, deen eng Mëschung aus chineeseschen Zeechen (Kanji) a Silbeschrëften Hiragana a Katakana ass.
Japanesch besteet och aus enger Abberzuel vun Dialekter, déi ë. a. duerch d'Besiidlung vun den ofgeleeënen Deeler an de Bierger vum Archipel entstane sinn. Och déi politesch Zersplitterung an de limitéierte sproochlechen Austausch tëscht de Leit aus de verschiddene Regiounen huet d'Entwécklung vun den Dialekter begënschtegt.
All Mënsch kënnt fräi a mat der selwechter Dignitéit an deene selwechte Rechter op d'Welt. Jiddereen huet säi Verstand a säi Gewësse krut a soll an engem Geescht vu Bridderlechkeet deenen anere géintiwwer handelen.
Charles Haguenauer, Morphologie du japonais moderne, vol. 1, Généralités, mots invariables, C. Klincksieck, Paris, 1951, 425 p.
Charles Haguenauer, Le japonais à l'École nationale des langues orientales vivantes, I. N., Paris, 1948
Jean Mathieu et Colette Batsch, Invitation au japonais : à la découverte de la langue et de l'écriture, L'Asiathèque, Paris, 2009 (nouvelle éd. révisée), 191 p. Schabloun:ISBN
Nakami Yamaguchi, Histoire de la langue japonaise, Éditions Iwanami
↑United Nations Information Centre, Japan, and the Ministry of Justice and Human Rights NGOs, Universal Declaration of Human Rights. www.ohchr.org. Gekuckt de(n) 26.11.2024.