Dëse Sproochen- a Linguistikartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Islännesch
íslenska
Gëtt geschwat an: Island
Dänemark
Kanada
Regioun: Europa
Gëtt geschwat vun: 282.845 (2001) (Mammesprooch)
Klassement:
Klassifikatioun no Famill: Indoeuropäesch
Offizielle Status
Offiziell Sprooch vun: Island
Nordesche Rot
Reglementéiert vun: Íslensk Málstöoð
Sproochcoden
ISO 639-1 is
ISO 639-2 isl
ISO 639-3 isl

Islännesch ((is) íslenska) oder d'Islännesch Sprooch, ass eng Sprooch aus dem germaneschen Aascht vun der indoeuropäescher Sproochefamill. Et ass déi offiziell Sprooch an Island. D'Sprooch gëtt just vu knapp 300.000 Leit geschwat[1].

Geschicht

änneren

Dat haitegt Islännesch geet op dat Alislännesch zeréck, dat am Héich- a Spéitmëttelalter geschwat a geschriwwe gouf. Déi éischt islännesch Siidler koume gréisstendeels vun der südwestlecher Küst vun Norwegen, wouduerch sech Alislännesch an Alnorwegesch nëmme marginal ënnerscheeden.

Schreifweis an Aussprooch

änneren

Alphabet

änneren

D'islännescht Alphabet huet 32 Buschtawen, déi gréisstendeels deene vum Laténgeschen Alphabet entspriechen. Déi regulär Vokalen (mam y, awer ouni æ an ö) gëtt et och an enger zweeter Form, mat engem Accent.

Islännescht Alphabet
A / a Á / á B / b D / d Ð / ð E / e É / é F / f
G / g H / h I / i Í / í J / j K / k L / l M / m
N / n O / o Ó / ó P / p R / r S / s T / t U / u
Ú / ú V / v X / x Y / y Ý / ý Þ / þ Æ / æ Ö / ö

Grammaire

änneren
  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Textbeispill

änneren
Universal Deklaratioun vun de Mënscherechter (Artikel 1)
Islännesch[1] Lëtzebuergesch
Hver maður er borinn frjáls og jafn öðrum að virðingu og réttindum. Menn eru gæddir vitsmunum og samvizku, og ber þeim að breyta bróðurlega hverjum við annan. All Mënsch kënnt fräi a mat der selwechter Dignitéit an deene selwechte Rechter op d'Welt. Jiddereen huet säi Verstand a säi Gewësse krut a soll an engem Geescht vu Bridderlechkeet deenen anere géintiwwer handelen.

Literatur

änneren
  • Robert Nedoma: Kleine Grammatik des Altisländischen. 3. Auflage. Winter, Heidelberg 2010, ISBN 978-3-8253-5786-3.
  • Janez Orešnik, Magnús Pétursson: Quantity in Modern Icelandic. In: Arkiv för Nordisk Filologi 92 (1977), S. 155–171.
  • Eiríkur Rögnvaldsson: Íslensk hljóðkerfisfræði. Reykjavík: Málvísindastofnun Háskóla Íslands, 1993, ISBN 9979-853-14-X.
  • Höskuldur Thráinsson: The Syntax of Icelandic. Cambridge University Press, Cambridge (UK) 2007, ISBN 978-0-521-59790-6.
  • Sten Vikner: Verb movement and expletive subjects in the Germanic languages. Oxford University Press, Oxford 1995.
  • Betty Wahl: Isländisch: Sprachplanung und Sprachpurismus. Winter, Heidelberg 2008, ISBN 978-3-8253-5513-5.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Wikipedia op Islännesch
Commons: Islännesch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. 1,0 1,1 United Nations Information Centre, Denmark, Universal Declaration of Human Rights. www.ohchr.org. Gekuckt de(n) 23.11.2024.