Gemeng Fiels
D'Gemeng Fiels ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen a läit am Kanton Miersch. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Fiels, vun där se och hiren Numm huet.
Gemeng Fiels | |
---|---|
D'Gemengenhaus am fréieren De Roebé-Schlass | |
Aussprooch |
|
An anere Sproochen |
fr: Larochette de: Fels |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Miersch |
Buergermeeschter | Mirko Martellini |
Awunner | 2.230 |
1. Januar 2024 | |
Fläch | 15,40 km² |
Héicht | 298 m |
Koordinaten |
49° 47’ 01’’ N 06° 13’ 10’’ O |
LAU-Code | LU0406 |
Websäit | http://www.larochette.lu/ |
Uertschaften an der Gemeng
änneren- Iernzen (Ernzen);
- Fiels (Larochette, Fels);
- Meesebuerg (Meysembourg, Meysemburg).
Geschicht
ännerenD'Fielsser Géigend war, wéi et schéngt, schonn zur Réimerzäit bewunnt, bei der Restauratioun vun der Buerg gouf eng réimesch Mënz fonnt.
Vum 11. bis 18. Joerhonnert gouf d'Liewe vun de Buerghären op der Fielsser Buerg bestëmmt.
De 24. Juni 1865 war e grousst Feier an der Uertschaft Fiels. Déi fréier Parkierch (Nikloskierch) a 75 Haiser goufen duerch de Brand zerstéiert[1]. Am ganze Land gouf fir d'Affer gesammelt[2].
Entwécklung vun der Awunnerzuel
ännerenQuell:STATEC
Wopen
ännerenBeschreiwung am Originaltext: De gueules à la tour d'argent maçonnée de sable, accostée de deux écussons d'or à la croix ancrée de gueules. |
Buergermeeschteren
änneren- 1797 - 1798: Gindt Antoine
- 1798 - 1799: Lais Dominique
- 1799 - 1801: Weydert Jean-Baptiste
- 1801 - 1808: Metzler Balthasar
- 1808 - 1815: de Cassal Antoine-Ignace
- 1815 - 1818: Klein Mathias
- 1818 - 1830: Prim Jean
- 1830 - 1844: Hansen-Weydert Michel
- 1844 - 1845: Pierre Scharlé[3]
- 1845 - 1871: Jean Sinner
- 1872 - 1890: Jean Knaff
- 1891 - 1899: Nicolas Lutgen
- 1900 - 1901: Jean Treinen
- 1902 - 1911: Nicolas Thilmany[4]
- 1912 - 1917: Nicolas Prim[5]
- 1918 - 1921: Nicolas Ludovicy[6]
- 1921 - 1928: Michel Sinner
- 1928 - 1949: Jules Zinnen
- 1950 - 1959: Nic Wagner
- 1960 - 1975: Pierre Ginter
- 1976 - 1990: Victor Weydert
- 1991 - 2017: Pierre Wies
- 2017 - 2023: Natalie Silva
- zanter 2023: Mirko Martellini[7]
Politik
ännerenFusiounspläng
ännerenEng méiglech Fusioun tëscht de Gemengen Noumer, Fiels a Fëschbech gouf den 9. November 2014 an engem Gemenge-Referendum refuséiert: Zwar waren an der Fiels 66,53 % vun de Wieler fir sou eng Fusioun, mä zu Noumer ware 70,05 % dergéint, an zu Fëschbech souguer 76,02 %.[8]
Interkommunal Syndikater
ännerenD'Gemeng Fiels ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Jumelagen
ännerenKuckeswäertes
änneren- D'Buerg Fiels
- D'Kierch Fiels
- D'De-Roebé-Schlass
- D'Haus vum Michel Rodange
- De Musée iwwer d'Textilindustrie an der Fiels
- De Verluerekascht
- Den Ouschterbuer
- Den Haangelsbur
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Fiels – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ (de)Inland. Luxemburger Wort, 1865. Jg., nº 148, p. 2. (27.06.1865). Gekuckt de(n) 17.05.2023.
- ↑ (de)Uebersicht der politischen Tagesereignisse. Luxemburger Wort 1865. Jg., nº 148 S. 1. (27.06.1865). Gekuckt de(n) 17.05.2023.
- ↑ ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
- ↑ Mémorial N°46 - Arrêté grand-ducal du 16 juillet 1911, démission honorable a été accordée, sur sa demande, à M. Nic. Thilmany de Larochette des fonctions de bourgmestre.
- ↑ Obermosel-Zeitung, 10. Juli 1917: Nikolaus Prim hat seine Entlassung als Bürgermeister eingereicht.
- ↑ Nicolas Ludovicy op der Säit iwwer d'Brosserie moderne an der Fiels op www.industrie.lu
- ↑ "Fiels: Mirko Martellini gëtt neie Buergermeeschter." rtl.lu, 14.06.2023.
- ↑ "Noumer a Fëschbech soen Neen, nëmmen d'Fiels wielt Jo." rtl.lu, Leschten Update: 10.11.2014, 07:09:09.