Europastrooss
D'Bezeechnung Europastrooss gëllt fir eng Klass vu Stroosse fir Verkéier op groussen Distanzen an Europa an an Zentral- a Klengasien.
D'Stroossennetz vun den Europastroossen ëmfaasst ronn 50.000 Kilometer, a si sinn duerch e wäissen „E“ mat enger Nummer hannendrun op gréngem Fong gezeechent.
A verschiddene Länner stinn d'Panneaue vun den Europastroossen nieft deene vun den anere Stroossen, an an anere Länner wéi z. B. a Schweden, sinn déi grouss Nationalstroosse fir internationalen Trafic nëmme mat engem Europastroosseschëld gezeechent.
Et gëtt ongeféier 240 Europastroossen.
Rechtlech Basis
ännerenNo engem éischten Accord vum 16. September 1950 goufen d'Europastroossen ënnert der Féierung vun de Vereenten Natiounen de 15. November 1975 an engem neien Accord[1] definéiert; dësen Accord gouf duerch d'Gesetz vum 18. Juni 1981 zu Lëtzebuerg an nationaalt Recht ëmgesat[2].
Den Accord schreift ë. a. d'Konditioune vir, déi d'Stroossen erfëlle musse fir kënnen als Europastrooss bezeechent ze ginn. Als Beispill kann een nennen:
- den Trajet vun der Europastrooss muss ëmmer iwwer d'Strooss mat der héchster Hierarchie féieren (z. B. Autobunn amplaz vun enger Nationalstrooss);
- wann eng Europastrooss an enger Uertschaft zu Nuisancen oder enger Gefor féiert, da muss dës Uertschaft ëmfuer ginn[3].
Nummeréierung vun den Europastroossen
ännerenVun den 1950er Jore bis ongeféier 1985 bestoung en alen Nummeresystem, bei deem déi wichtegst Europastroossen eng eestelleg Nummer haten - z. B. déi al E5 vu London op Istanbul oder déi al E6 vu Kirkenes iwwer Narvik op Roum - déi aner Stroossen haten eng zweestelleg Nummer.
Verschidde Stroossen a Skandinavie goufe bei der Aféierung vum neien Nummeresystem net ëmnummeréiert an hunn dowéinst haut nach eng eestelleg Nummer, sou z. B. d'E4 a Schweden a Finnland an d'E6 a Schweden an Norwegen.
Hautdesdaags gëlle fir d'Nummeréierung dës Prinzipien:
D'Europastroosse sinn an zwou Kategorien agedeelt:
„Kategorie A“
ännerenHeizou zielen d'Haaptstroossen (oder Referenzstroossen) an d'Tëschestroossen.
- D'Referenzstroossen an Nord-Süd-Richtung sinn zweestelleg nummeréiert, mat enger ongerueder Nummer déi mat enger „5“ ophält (d'Nummere gi vu Westen a Richtung Oste méi grouss); z. B. E05, E45.
- Als Ausnam heizou zielen d'Referenzstroossen an Nord-Süd-Richtung déi ëstlech vun der E99 leien: dës hunn eng dräistelleg ongerued Nummer tëscht 101 an 129; z. B. E101, E119.
- d'Referenzstroossen, déi an Ost-West-Richtung lafe sinn zweestelleg nummeréiert, mat enger gerueder Nummer déi mat enger „0“ ophält (d'Zuel gëtt vun Norden a Richtung Süde méi grouss); z. B. E10, E70.
Déi Stroossen, déi tëschent de Referenzstroosse lafen (also d'Tëschestroossen) hunn entweeder eng gerued oder ongerued Nummer, woubäi dës Nummer tëscht den Nummere vun der jeeweilege Referenzstroosse läit.
Beispill: Tëscht der E10 an der E20 lafen d'Europastroossen E12, E14, E16 an E18 an der selwechter Grondrichtung.
„Kategorie B“
ännerenAn der „Kategorie B“ sinn d'Sekundärstroossen, also déi, déi vun der Kategorie A ofzweigen, se ëmginn oder se verbannen; dës Stroosse sinn dräistelleg nummeréiert, woubäi déi, déi ëstlech vun der E101 leien, mat enger „0“ ufänken, also 001 bis 099.
Vun der dräistelleger Nummer ass:
- déi éischt Ziffer d'Ufanksziffer vun där Referenzstrooss déi mat „0“ ophält an déi nërdlech am nooste vun der Kategorie B-Strooss läit;
- déi zweet Ziffer d'Ufanksziffer vun där Referenzstrooss déi mat „5“ ophält an déi westlech am nooste vun der Kategorie B-Strooss läit;
- déi drëtt Ziffer eng lafend Nummer[4].
Europastroossen zu Lëtzebuerg
ännerenDuerch Lëtzebuerg lafe follgend Europastroossen:
Um Spaweck
ännerenCommons: International E-road network – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Plang mat den Europastroossen zu Lëtzebuerg op der Websäit vu Ponts & Chaussées
- Basisschema mat den Europastroossen
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Accord européen sur les grandes routes de trafic international (AGR) - Versioun vun 2013, op der Websäit vun der Schwäizer Regierung (fir d'lescht gekuckt de 16. August 2016)
- ↑ Loi du 18 juin 1981 portant approbation de l'Accord européen sur les grandes routes de trafic international (AGR), en date, à Genève, du 15 novembre 1975 op Legilux - den Droitsportal vun der Lëtzebuerger Regierung (fir d'lescht gekuckt de 16. August 2016).
- ↑ La définition des routes européennes am Papier stratégique „route2020.lu“ du réseau routier étatique vu Ponts & Chaussées (fir d'lescht gekuckt de 16. August 2016)
- ↑ Annex 1 vum AGR (Hei an englescher Versioun)