Annette Thoma
D'Annette Thoma vu Riedering an Uewerbayern, gebuer den 23. Januar 1886 zu (Neu-)Ulm, a gestuerwen de 26. November 1974, huet sech mat der Fleeg vum geeschtleche Vollekslidd beschäftegt a gouf virun allem bekannt duerch hiert Wierk "Deutsche Bauernmesse".
Annette Thoma | |
---|---|
Gebuer |
23. Januar 1886 Ulm |
Gestuerwen | 26. November 1974 |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Komponist |
D'Deutsche Bauernmesse mat dem Andachtsjodler gouf fir d'éischt de 24. September 1933 an der Parkierch vu Großkarolinenfeld opgefouert. Dat Wierk huet eng relativ grouss Verbreedung fonnt an huet zur Renaissance vum geeschtleche Vollekslidd a Bayern gefouert.
D'Annette Thoma huet a Saache bayerescht Vollekslidd enk mam Kiem Pauli zesummegeschafft.
Hir Wierker
änneren- Deutsche Bauernmesse
- Das Volkslied in Altbayern und seine Sänger. München, 1952
- Wittelsbach. Schongau, 1954
- Franz von Sales und Johanna Franziska von Chantal. München, 1960
- Die kleine Messe. München, 1972
- Passions- und Osterlieder aus dem bairisch-alpenländlischen Raum. Bayerischer Landesverein für Heimatpflege. München, 1973
- Bei uns. Rosenheim, 1974
- In Nacht und Dunkel. München, 1975
- mam Rubenberger Sepp: Marienkantate. München, 1979