Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Alfred Kowalsky (17. Februar 1879 am Pafendall - 14. Mee 1943 zu Metz) war e Komponist. Heen huet ë.a. d'Musek fir d'Oper Griselinde geschriwwen.

Den Alfred Kowalsky, copyright Nationalbibliothéik

Nodeems 1923 eng Entente vun Escher Veräiner, wéi d'Harmonie municipale, de Cercle symphonique, d'Alliance Française an den Uelzecht-Chouer d'École de musique d'Esch-sur-Alzette als Coopérative gegrënnt haten, huet am August 1926 d'Gemeng Esch déi Musekschoul iwwerholl a se an École municipale de Musique ëmgedeeft. Den Alfred Kowalsky, deen Uergel zu Paräis beim Charles-Marie Widor studéiert hat, a Kompositioun beim Richard Strauss zu Berlin, gouf Direkter.

Säi Wierk

Oper

Operetten

  • Dräi ass göttlech, Musek: Muller, J.A./Kowalsky, Text: Batty Weber
  • D'Rosy vun der Stemillen,Musek: A. Kowalsky Text: Nik. Wampach

Aner Wierker

  • Mai Kand
  • Élégie
  • Capriccio
  • Nuetsgebied
  • Trio fir Piano, Gei a Violoncel

(Dëst sinn nëmmen puer Beispiller, Kuckt och op der Säit vun der Nationalbibliothéik).

Literatur

  • Blasen, Léon: Alfred Kowalsky (1879-1943), Lëtzebuerger Komponisten , Telecran, Lëtzebuerg, Jg. 6(1984)
  • Krier, Guy: Markante Persönlichkeiten aus Pfaffenthal , an 125 Jor Sang a Klang / Chorale "Sang a Klang" - Lëtzebuerg, 1982. - P. 61-63